Och dëst Joer konnte sech jonk Fuerscher aus der ganze Welt nees op der Luxembourg International Science Expo austauschen an hir Projete presentéieren.

Vu klengen Erfindungen, déi den Alldag méi einfach maachen, bis zu Kënschtlecher Intelligenz, déi hëlleft Krankheeten ze erkennen - d’Luxembourg International Science Expo, kuerz LISE, weist, wéi vill Kreativitéit, Virwëtz an technescht Talent an der jonker Generatioun stécht. Eng international Wëssenschaftsfoire, wou jonk Wëssenschaftler hir kreativ an innovativ Iddien aus de Beräicher Technik, Ëmwelt, Naturwëssenschaft an Digitaliséierung virgestallt hunn. An der Victor Hugo Hal gouf et den Dag vun der oppener Dier, fir dem Public den internationale Choix u wëssenschaftleche Projeten ze presentéieren.

D’Zil vun der Expo ass et, jonk Leit fir d'Fuerschung ze begeeschteren an hinnen eng Plattform ze bidden, wou se hir Iddien an Entdeckunge mat der Welt deele kënnen. Hei zielt net, wien déi bescht oder déi gréisst Maschinn huet – mee wie Passioun an Innovatioun an d’Fuerschung bréngt. Dëst Joer, esou d'Sousana Eang, Directrice vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg, ware 56 Gruppen aus 27 Länner dobäi.

"Le programme s‘étend sur 5 jours avec une partie d‘activités d‘échanges culturels ou ils les jeunes ont la possibilité de s‘échanger sur leur propre culture, ce qui est merveilleux, mais aussi découvrir le Grand-Duché du Luxembourg. On a encore la partie scientifique ou les jeunes viennent pour présenter leur propre projet scientifique et échanger des idées."

Fir kënnen deelzehuelen, hu si schonn am Virfeld eegestänneg Projeten ausgeschafft – dacks am Kader vun nationale Schülerfoiren oder lokale Concoursen. Déi originellst a spannendst Iddien hunn et duerno bis op d’Bün vun der LISE gepackt. Esou wéi dem Tunesier Youssef Aoun säi KI-Chatbot, deen engem op Basis vun eegenen Informatiounen eng Aarbecht ubitt, déi am beschte bei ee passt.

"Mon projet se base sur une théorie qui s‘appelle Job-Crafting, se basant sur les intérêts, objectifs et les compétences d‘une personne. Ca peut aider les gens pour ceux qui ne sont pas assez comfortable dans leurs métier ou avec leur collègues. Pour ceux qui voient qu‘ils veillent mieux que leur métier, qu‘ils ont plus de connaissances et plus étudié que le métier dont ils ont besoin."

Jonk Fuerscher hunn hir wëssenschaftlech Projete presentéiert / Rep Chris Meisch

Ma och Lëtzebuerg war mat dräi Gruppe vu jonke Fuerscher, déi am Mäerz beim Concours Jonk Fuerscher ausgezeechent goufen, vertrueden. Ee vun hinnen huet e Roboter entwéckelt, dee geschwë kéint hëllefen, eisen Dreck opzerafen an ze recycléieren. Den Darius Ferent war fir den techneschen Deel zoustänneg.

"Am Moment kann en e Ball detektéieren. Wann en de Ball dann erkannt huet, kann hien e Richtung eng predeterminéiert Plaz bréngen, wou dann eng Poubelle soll sinn. D‘Zil soll sinn, dass hie verschidden Zorten Dréck kann erkennen an dann a verschidden Dreckskëschte recycléiere kann. Déi sollen dann och kënnen op verschidde Surfacen an Environnemente wéi zum Beispill enger Plage Dréck oprafen."

D’LISE ass kee Concours, mä eng Plattform, fir sech auszetauschen. Wou d’Fuerscher net géinteneen, mee matenee léieren, a fir ze weisen, wéi vill Kreativitéit an technescht Wëssen an der jonker Generatioun stécht.