Déi Lénk an d'Studentenassociatioun haten en Donneschdeg e gemeinsaamt Schreiwes zum Thema Pensiounsreform erausginn.

Déi jonk Generatioune misste vun engem nohaltegen a gerechte Pensiounssystem profitéieren. Dat schreiwen déi Lénk an d'Studentenassociatioun ACEL an engem gemeinsame Communiqué.

Fir d'ACEL-Vertrieder ass et wichteg, datt d'Studenten- an d'Formatiounsjore berécksiichtegt ginn. Déi Lénk ënnerstëtzen dës Revendicatioun.

Datt et eng Reserve vun 30 Milliarden Euro gëtt, géing weisen, datt den dréngende Reformbedarf net credibel wier, sou d'Partei. Wann eng Reform, da misst an den Aen vun déi Lénk bei de Recettë vum éischte Pilier ugesat ginn.

D'ACEL an déi Lénk sinn dann der Meenung, datt d'Regierung an dësem Dossier net objektiv a verständlech genuch kommunizéiert.

ACEL geet e wéineg op Distanz zu déi Lénk

An engem separate Communiqué geet d'ACEL e wéineg op Distanz zu déi Lénk. Et hätt een am Laf vum Joer eng ganz Rei Reunioune mat verschiddene politesche Parteien an aneren Acteure gehat, dat mam Zil, de Lëtzebuerger Studenten a Studentinnen hir Vue ze presentéieren an Informatiounen aus éischter Hand ze sammelen. D’Studentenassociatioun betount hir politesch an ideologesch Neutralitéit am Schreiwes. Et géif een net aktiv Kontakt zu politesche Parteie sichen, mä all Invitatioun fir en Echange awer acceptéieren.

Wat d'Pensiounsdiskussioune betrëfft, erënnert d'ACEL am Communiqué virun allem un hir Fuerderung, datt déi Jonk an d'Diskussiounen missten agebonne ginn.