
De Georges Engel vun der LSAP huet erkläert, datt si Berechnunge vum Eurostat presentéiert kruten, hien allerdéngs d’Gefill hätt, et kéimen ëmmer erëm nei Berechnungen, fir datt de soziale Mindestloun net misst ugepasst ginn. A sengen Ae géif alles gemaach ginn vun der Regierung, fir enger Hausse aus dem Wee ze goen:
“Strukturell gëtt also hei näischt um Mindestloun gemaach. Strukturell bleift de Mindestloun dee selwechten. Den Usproch vun dëser Regierung, fir da wierklech eppes un der Aarmut ze maachen, bleift hei wierklech wäit, wäit hannendrun. An ech fannen dat wierklech schued. Fir vill aner Saachen hu mer Suen, mee fir déi Leit, déi wierklech net vill verdéngen, hu mer keng.”
Den Usproch vun der Regierung, eppes un der Aarmut ze maachen, wier net do an dat wier ze bedaueren, sot de Georges Engel vun der LSAP.
D’Carole Hartmann vun der DP huet iwwerdeems betount, datt näischt um Rechen-Modell geännert gi wier, mee dëse méi präzis duergeluecht gi wier. Prezisioune goufen et iwwert de sougenannten Kaitz-Indicateur, deen d’Verhältnis vum gesetzleche Mindestloun zum Medianloun duerstellt:
“Haut si mer gewuer ginn, dass mer, wann den Indicateur Kaitz genotzt gëtt, effektiv aktuell bei 59 ,3 voir 59 ,4 % vum Medianakommes leien, soudass mer dann effektiv a Richtung vun 60 % Medianakommes bei der Berechnung vun eisem Mindestloun och hei zu Lëtzebuerg ginn.”
An den Ae vum Marc Baum wier dat, wat ee presentéiert krut, plus minus dat, wat och schonn de fréieren Aarbechtsminister Georges Mischo op den Dësch geluecht hat. Dofir freet den Deputéierte vun déi Lénk sech, wisou een iwwerhaapt en neie Minister huet:
“Mer si gewuer ginn, datt d’ Regierung dat wëll weidermaachen, wat se souwisou mécht. Juhu, mer kënnen eis driwwer freeën. Den Index bleift bestoen. De Mindestloun gëtt weider un den Index gebonnen. An juhu, dat, wat zënter 1973 de Fall ass, nämlech dat all zwee Joer de Mindestloun ugepasst gëtt un d’Reallounentwécklung, bleift och bestoen. A wa mer dat maachen, dann ass alles gutt. Keng Diskussioun brauche mer méi ze féieren iwwer Working Poor, datt d’ Leit, déi eng Vollzäitbeschäftegung hunn, awer net d’Méiglechkeet hunn, fir iwwert dem Aarmutsrisiko ze liewen. Keng Diskussioun méi iwwert eng substanziell a strukturell Erhéijung vum Mindestloun opgrond vu Berechnungen, déi eebe bewosst esou erausgesicht ginn, déi net obligatoresch vun der Direktiv virgesi sinn, mee déi bewosst esou erausgesicht ze sinn, datt ee guer näischt maache misst.”
Och d’Djuna Bernard vun déi Gréng huet vun Enttäuschung geschwat:
“Mir hunn e Moment erlieft, wou déi Mënschen, déi am mannste verdéngen hei zu Lëtzebuerg, well se de Mindestloun verdéngen, well se zu deene sougenannten Working Poor gehéieren, hätte kënnen hoffen, dass mer haut hei erauskommen a kënnen ukënnegen, dass mer eng Erhéijung vum Mindestloun wäerte maachen. Dat wier en Zil gewiescht, dat wier gutt gewiescht och fir eist Land, och fir d’sozial Kohäsioun an eisem Land. An déi Nouvelle hu mer haut net. Au contraire, d’ Regierung huet eis haut annoncéiert, datt se näischt aneres wäert maache wéi beim Status Quo ze bleiwen, also der biannueller Upassung vum Mindestloun un d’Lounentwécklung.”
Nach wier näischt decidéiert, huet den Aarbechtsminister Marc Spautz nach eemol betount:
“Wou ech awer muss soen, ech ka mer net virstellen, well ech ëmmer dee war, dee gesot huet, ech hätt gär eng Entscheedung fir Ouschteren. Ech weess net, ob dat fir Ouschtere klappt. Mee fir mech bleift et wichteg an dat war och ëmmer eng vun deenen Äusserungen, déi ech gemaach hunn, dass dat bekannt gëtt, dass nämlech och d’Betriber sech kënnen dorop astellen, wat dat bedeit, dass se wësse laangfristeg, wat kënnt do vu Belaaschtungen op eis zou. An dass et och wichteg ass, dass mer kucken an der Situatioun, wéi mer de Moment sinn, dass och d’ Betriber d’ Méiglechkeet hunn, hir Kompetitivitéit ze bewahren an dass och eis Betriber nach eng Méiglechkeet hunn, do mat ze maachen.”
Um Freideg kënnt de Regierungsrot dann zesummen, fir iwwert ënnert anerem iwwert d’Upassung vum Mindestloun ze schwätzen.