Invitée vun der Redaktioun (26. Mäerz)Barbara Agostino, Deputéiert

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moien ass ënnert anerem d'Ethik am Sport Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Si war virun 20 Joer déi éischt Kapitänin vun der Lëtzebuerger Futtball-Dammennationalekipp a bezeechent sech selwer als „Fan Nummer 1“ vun de Roude Léiwinnen.

De Moien ass d’Barbara Agostino, déi fir d’DP an der Chamber sëtzt, eis Invitée vun der Redaktioun a mir schwätze mat hir iwwer Ethik am Sport an d’Roll vum Trainer.

En anert Thema mat der Foraine a Patronne ass déi aktuell Diskussioun ëm de Mindestloun. Ass deen héich genuch oder muss de Mindestloun an d’Luucht goen? Dat froe mer déi liberal Deputéiert live vun 8 Auer un.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO