Regierung weist gär "Courage" am Logement: Bauperimeter kéint méi grouss ginn
De Logementsminister Claude Meisch huet annoncéiert, datt de Plan sectoriel "Logement" géing opgemaach ginn, fir nei Plaze fir Logement auszeweisen.
Op enger Pressekonferenz huet hie mam Inneminister Léon Gloden a mam Ëmweltminister Serge Wilmes de Point gemaach iwwert de Mesurëpak, mat deem soll “méi a méi séier gebaut” ginn.
De Claude Meisch huet och ugekënnegt, datt ënner Konditiounen de Bau vu Wunnengen an Aktivitéitszone wäert méiglech ginn. De Léon Gloden huet un d’Aarbechterwunnéngen erënnert, déi et fréier zum Beispill an der Stolindustrie goufen. Et géingen natierlech keng Penthouses gebaut ginn.
Artikel 29bis a Gemengen
Den Inneminister huet dann och ënnert anerem Ännerungen ugekënnegt um ominéisen Artikel 29bis vum Pacte Logement. An anere Wierder, fir de Prozentsaz un abordabele Wunnenge bei engem neie Projet an d’Luucht ze setzen. Virun allem kommen déi abordabel Wunnenge bei der Berechnung drop an net bäi, esou datt Promoteuren de Coût fir d’abordabel Wunnengen op déi aner ofwälzen. Duerch déi Reform eleng géinge 9.300 zousätzlech Wunnengen entstoen, dorënner 3.600 bezuelbar. D’Regierung rechent och domadder, datt esou méi dicht gebaut gëtt.
Ewéi vill Wunnenge wou gebaut ginn, bleift zwar eng Decisioun vun de Gemengen, huet den Inneminister op Nofro hin confirméiert. De Léon Gloden sot awer, hie wier sécher, datt de Message bei de Gemengen ukomm ass, fir méi a méi séier ze bauen. De Staat kéim de Gemengen och entgéint fir alles ze packen.
Méi dicht, besser fir d’Ëmwelt
Dem Ëmweltminister géingen d’Ännerungen iwwerdeems gefalen, well wa méi dicht gebaut géing ginn, méi Plaz fir d’Ëmwelt bleiwe géing. Donieft gëtt an Zukunft bei abordabele Wunnenge just nach eng Parkplaz gefrot.
De Serge Wilmes huet sech och iwwert Ännerunge gefreet, déi de Bau vu Solarpanneauen a Wandmillen an Aktivitéitszone méi einfach ginn. Hien huet selwer Ännerungen an enger Rei Gesetzer ugekënnegt, fir d’Delaien an diversen Ëmweltprozeduren ze harmoniséieren.
Silence vaut refus an dann Accord
A puncto Simplification administrative kënnt och ewéi annoncéiert de Silence vaut accord, esou d’Ministeren. Awer eréischt Enn des Joers. Zum Beispill misst eng Gemeng a 4 Méint eng Decisioun huelen. An den éischten 2 Méint misst den Demandeur Dokumenter liwweren. No deenen 2 Méint kann d’Gemeng d’Prozedur net méi ënnerbriechen, wann en Dokument feelt. An an den 2 Méint drop muss d'Gemeng och eng Baugeneemegung erausginn oder refuséieren.
Dëst Joer géing an enger éischter Phas keng Äntwert e Refus bedeiten, mee den Demandeur esou Zäit gewannen, well en dann direkt kéint kloen. 2026 soll keng Äntwert en Accord bedeiten.
Taxen net am Frigo, mee um Radar
De Léon Gloden huet all d’Mesuren als “Courage” vun der Regierung bezeechent. Op d’Remark vun der LSAP, datt d’CSV an d'DP d’Reform vun der Grondsteier an d’Mobiliséierungstaxe an de “Frigo” gestallt hätten, huet den Inneminister geäntwert, déi Projete wieren nach ëmmer um “Radar”.
D’Projete vu senger Virgängerin Taina Bofferding vun der LSAP géingen iwwerschafft ginn, fir notamment Problemer ewéi an Däitschland ze vermeiden. Wat de Remembrement ministériel ugeet, huet d’Regierung Amendementer deposéiert, déi an der Chamberkommissioun schonn diskutéiert goufen.











