Op Silvester hu mer iwwert en Urteel vun der Cour administrative bericht, an deem eng Decisioun vum Inneministère aus dem Joer 2020 annuléiert gi war.

Dobäi goung et ëm d'Klasséierung vu verschiddenen Terrainen um Lehberg zu Schieren. D'Gemeng war opgefuerdert ginn, an engem zweete Vott hiren neie PAG ze veränneren. De fréiere Buergermeeschter André Schmit, deen zu de betraffene Proprietäre gehéiert, hat dowéinst geklot a krut um Enn a leschter Instanz Recht. Eng Decisioun, déi Repercussiounen op dat ganzt Land huet.

Et wier een e bëssi iwwerrascht an enttäuscht vum Urteel, esou de Frank Goeders, Conseiller de gouvernement première classe am Inneministère. Bis dohi wier et nämlech gängeg Praxis gewiescht, datt een d'Gemengen opgefuerdert hätt, Illegalitéiten an de PAGen duerch een zweete Vott am Gemengerot ze rektifizéieren. Elo huet d'Cour administrative awer festgestallt, datt et dofir keng legal Basis gouf. Dowéinst géing een an Zukunft nach méi op Dialog a Berodung setzen. Et gëtt awer nach eng Alternativ.

"Mir hunn awer am Noutfall, dat kënnt relativ seele vir, mee wann eng Kéier ee Projet net geneemegungsfäeg ass, da kéinte mer effektiv nach punktuell déi Dispositiounen aus engem Projet refuséieren, déi géint ee Gesetz verstoussen. Dat ass déi Méiglechkeet, déi eis lo nach bleift. Dat ass eng manner gutt, wéi wann een op Dialog setzt."

Ma et kéint awer sinn, datt ee geschwë rëm bei déi al Praxis zeréckgeet. Dat am Kader vun der Simplification administrative.

"Zil ass et, fir d'Prozedure vum PAG an och vum PAP däitlech ze vereinfachen. Dat steet wéi gesot dëst Joer um Menü, fir dat unzegoen. An an deem Kontext wäerte mer och doriwwer nodenken, ob mer eis eng gesetzlech Basis dann och ginn, fir d'Gemengen opzefuerderen, ee Vott ze rektifizéieren, wann et dann noutwenneg ass."

Wat de konkrete Fall vu Schieren ugeet, esou muss de Gemengerot lo nach eng Kéier decidéieren, ob déi concernéiert Terrainen um Lehberg an der Gréngzone bleiwen oder, wéi ufanks geplangt, als Bauland ëmklasséiert ginn. Ob et dann erëm zu engem Refus kënnt, kéint een elo iwwerdeems nach net soen.

"Doropshi kënnen d'Leit nach eng Kéier dogéint reklaméieren, esouwuel Proprietäre wéi Nopere wéi soss Leit. A réischt wa mer dat alles um Dësch hunn, kënne mer déi Diskussioun iwwerhaapt mol féieren, wéi dat elo ausgeet."

De fréiere Buergermeeschter André Schmit werft dem Inneministère vir, datt de Refus, d'Terrainen ëmzeklasséieren, eng Retourkutsch dofir war, datt den Ëmweltministère kuerz virdru viru Geriicht ee Sträit ëm ee potenziellt Biotop géint verschidde vun de betraffene Proprietäre verluer hat. Dee Reproche weist de Frank Goeders awer kloer zeréck.

"Also mir hu generell bei de PAGen eng Politik, datt mat der Approbatioun vun de PAGen, a bei de PAPen ass et genee d'selwecht, keng Politik gemaach gëtt. Mir kucken déi Dossiere sou, wéi ech virdru gesot hunn, ob se konform si vun der Gesetzgebung oder net bei der Approbatioun an net méi. Dat ass haut net sou an dat war virdrun och net sou, datt do gekuckt gëtt, fir domadder Politik ze maachen oder Leit ze bevirdeelegen, mee dat gëtt neutral gekuckt."

Den André Schmit huet virun allem der deemoleger Inneministesch Taina Bofferding Reprochë gemaach. Déi aktuell Presidentin vun der LSAP-Fraktioun wollt sech op Nofro hin awer net zum Dossier äusseren.

RTL

Egal wéi dierft et nach eng Zäitchen daueren, bis gewosst ass, wat mat den Terrainen um Lehberg zu Schieren geschéie wäert. Beim Ministère rechent ee mat nach eng Kéier 3 bis 5 Joer. Déi éischt Decisioun hat de Gemengerot am Joer 2018 geholl.