
Géint 17.45 Auer hu sech op der A13 an Direktioun Péiteng an der Sortie Lalleng zwee Autoen ze pake kritt. Dräi Persoune goufen hei blesséiert. Zwou Ambulanze vun Esch an d’Pompjeeë vun Esch a Schëffleng waren hei op der Plaz.
Ëm 18.40 Auer sinn dann zu Gréiwemaacher um Potaschbierg zwee Autoen aneneegerannt. De Samusdokter aus der Stad an d’Ambulanciere vu Mäertert hu sech hei ëm ee Blesséierte gekëmmert. Donieft waren och d’Pompjeeë vu Mäertert a Fluessweiler am Asaz.
Kuerz virun 20 Auer hu sech dann zwee Autoen um CR132 tëscht Mënsbech an Nidderaanwen ze pake kritt. D’Stater Ambulancieren an d’Pompjeeë vun Nidderaanwen hunn hei eng blesséiert Persoun versuergt.
Ronn 20 Minutte méi spéit gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi op der Aire de Capellen op der A6 en Auto an eng Leitplank gerannt. D’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vu Mamer a Koler waren hei op der Plaz.