Kongress vum Mouvement écologiqueWat hu mir aus deene leschte Krise geléiert?

Dany Rasqué
Wat huet Lëtzebuerg aus deene leschte Krise geléiert? Mat där Fro huet sech de Mouvement écologique e Mëttwoch den Owend op sengem Kongress beschäftegt.
© Eric Ebstein - rtl.lu

Duerch de Krich am Noen Osten géif et e Risiko fir eng nei Versuergungskris ginn an d’Politik, déi hätt net ganz vill bäigeléiert.

Kongress vum Mouvement Écologique / Reportage: Dany Rasqué

Wéi Russland d’Ukrain viru 4 Joer iwwerfall huet, waren op eemol verschidde Liewensmëttel knapps, d’Präisser fir Iesswuere sinn explodéiert an d’Liwwerkette ware gestéiert. Deemools gouf versprach, datt elo méi op regional Iesswuere géif gesat ginn, fir méi onofhängeg ze sinn. En Zil, dat dem Mouvement écologique no net erreecht gouf. Seng Presidentin d’Blanche Weber:

“Souwuel op EU Niveau wéi zu Lëtzebuerg si mer mat duebeler Vitesse viru gaangen, mä weider an déi falsch Richtung.”

Mat Campagnë wéi “Esou schmaacht Lëtzebuerg” géif just op de gudde Wëlle an op Sensibiliséierungsaktioune gesat ginn, fir d’Produiten aus der Regioun ze fërderen, mä op där anerer Säit géife knallhaart Fakte geschafe ginn, déi an eng ganz aner Richtung géife goen.

“D’Mercosur Ofkommes, dat zu Recht vun de Baueren ofgeleent gëtt, gouf op EU-Niveau vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt an ouni ze zecken an der Chamber duerch gewénkt. Aus vermeintleche geopolitesche Grënn gi mat dubiéisen Autokraten, wéi dem Milani Accorden ofgeschloss, déi d’Klengbaueren an de südamerikanesche Staate futti maachen an d’europäesch Baueren nach méi ënner Drock setzen.”

E weidere Kritikpunkt sinn d’Pestiziden. Den Apel gouf zwar net ernimmt, mä ënnert anerem ëm dee geet et. Lëtzebuerg schéngt Loscht drop ze hunn, sech weiderhin der Pestizid-Lobby ze verschreiwen, mengt d’Blanche Weber.

“Et ass dach reegelrecht skurril an irreell, datt gesot gëtt, alles wär ok, och wann zeg Pestiziden (an et sinn der de Prouwen no bis zu 15) an engem Liewesmëttel sinn, esou laang de Grenzwäert vum eenzele Pestizid ënnerschratt ass. Dat well et jo kee Grenzwäert fir de Cumul vun de Pestiziden gëtt. Kee Grenzwäert, kee Problem… esou d’Logik.“

Och an der Energiepolitik gesäit de Mouveco Defiziter. Beim Ausbau vun erneierbaren Energien am Stroum-Beräich wiere Fortschrëtter gemaach ginn. Et géif zwar nach Verbesserungspotential ginn, mä den Ausbau vu Sonn- a Wandenergie géif viru goen, beim Hëtzen dogéint géif et nach ëmmer un enger Strategie feelen.

“An de Privatstéit verbrauche mer – wann een den Auto eraus rechent- 2/3 vun eiser Energie fir ze hëtzen, net fir d’Elektresch an do -sorry Regierung - do ass bei wäitem net genuch geschitt, fir an der Wärme-Planung, an der Hëtzt, no vir ze kommen.”

Natierlech gouf och d’Fro opgeworf, wie fir déi sozial-ekologesch Transitioun bezilt. De Mouveco betount, datt d’Ënnerstëtzung fir Leit, déi finanziell benodeelegt sinn, muss ausgebaut ginn an déi Suen sollt ee bei déi Superräich siche goen.

Back to Top
CIM LOGO