Provisoresche FuerverbuetChauffer rennt a mobil Ofspärung a versicht ze flüchten

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet bannent de leschte Stonnen zwee Mol wéinst Alkohol um Steier intervenéiert.

E Méindegowend ass enger Patrull vun der Police op der Kräizung tëscht der Route d’Esch an der Avenue Marie-Therèse an der Stad e Chauffer wéinst sengem onséchere Fuerstil opgefall. Bei der Kontroll hunn d’Beame festgestallt, dass de Mann no Alkohol geroch huet. Den Alkoholtest ass dann och deementspriechend positiv ausgefall an de Fürerschäi gouf agezunn.

An der Nuecht op en Dënschdeg krut d’Police dann en Accident mat enger méiglecher Farerflucht an der Hollerecher Strooss gemellt. Eng Patrull ass op d’Plaz gefuer an huet dat accidentéiert Gefier grad ewéi eng mobil Ofspärung fonnt, déi queesch um Buedem louch an e beschiedegt Schëld. De Chauffer vum Gefier konnt ermëttelt ginn. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO