CGDIS7 Blesséierter bei 6 Accidenter op eise Stroossen, dräimol war Alkohol am Spill

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt eng ganz Partie Accidenter vun en Dënschdeg den Owend.

Géint 16.45 Auer en Dënschdeg ass zu Schengen an der Wäistrooss ee Foussgänger ugestouss a blesséiert ginn. Kuerz no 17 Auer koum et op der N6 tëscht Mamer a Capellen zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Och hei mellt de CGDIS ee Verwonnten. Nëmme wéineg méi spéit ass tëscht Léiweng a Beetebuerg eng weider Persoun ugestouss ginn.

Tëscht Mäertert a Gréiwemaacher waren um 18.20 Auer zwee Autoen aneneegerannt. Zwou Persoune goufe blesséiert. Ee Blesséierte gouf et géint 19 Auer hanner Helfent bei Bartreng. Och do waren zwee Gefierer net laanschtenee komm.

Tëscht dem Mëllerdall an dem Grondhaff ass kuerz no 19.30 Auer en Auto op d’Kopp gaangen. 1 Persoun gouf verwonnt. An op der Areler Strooss zu Stroossen huet en Zëmmer gebrannt. Et ass beim Materialschued bliwwen.

Wéi d’Police e Mëttwoch de Moien an hirem Bulletin preziséiert, war bei den Accidenter tëscht Mäertert a Gréiwemaacher, bei Bartreng an tëscht dem Mëllerdall an dem Grondhaff jeeweils ee Chauffer alkoholiséiert.

Donieft hunn d’Beamten an der Stad um Kierchbierg an zu Maarnech wéinst Alkohol um Steier missen intervenéieren. Hei gouf de Permis agezunn an ee provisorescht Fuerverbuet opgestallt.

Aus dem Policebulletin gouf dann nach een Déifstall an der Rue du Fort Bourbon am Garer Quartier gemellt. Den Täter hat säin Affer ugerempelt an dobäi onbemierkt den Handy geklaut.

Back to Top
CIM LOGO