
Zwee Joer ass et hier, dass zwee Ëmwelt- a Mënscherechtsschützer a Mexiko spuerlos verschwonne sinn. Dës Woch war um Stater Hamilius eng symbolesch Aktioun. Käerze goufen ugefaangen an der Hoffnung, dass de Ricardo Arturo Lagunes Gasca an den Antonio Diaz Valencia lieweg rëmfonnt ginn. Nodeems si sech kritesch mat den Aktivitéite vun engem vun de Stolgiganten a Latäinamerika befaasst hunn, si si verschwonnen. Rieds geet vun der Entreprise Ternium. Si huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg. Ternium gi Mënscherechtsverletzungen an Ëmweltzerstéierunge reprochéiert.
D’"Initiative pour un devoir de vigilance Luxembourg” huet eng Rei Fuerderungen un d’Entreprise. De Jean-Louis Zeien, Coordinateur vun der Initiativ: “Eis Revendicatioun ass ganz kloer, dass dat, wat bis elo geschitt ass, definitiv net duergeet, weder a Mexiko nach op internationalem Niveau. Mir hätte gären, dass si sech mat deenen zwou betraffene Famillen zesummesetzen an, dass si se bei der nächster Assemblée Générale hei zu Lëtzebuerg empfänken. Sie sollen och en ëffentlechen Appell un d’Kidnapper maachen, fir se fräizeloossen.”
Et gouf och e Rapport un d’Entreprise geschéckt.
“Mir hunn e kritesche Rapport iwwerreecht: “The Real Cost of Steel”. Wat sinn déi tatsächlech Käschte vun der Stolproduktioun a Latäinamerika fir d’Ëmwelt an d’Mënschen. Wann ee kuckt, wéi d’Konditiounen dohanne sinn, da kann ech iech soen, de Präis ass ze héich. Et kann net sinn, dass Leit, déi sech dogéint wieren, op eemol verschwannen.”
Et wéilt een, dass Firme Responsabilitéit iwwerhuelen, fir dat, wat an hire Liwwerkette geschitt an hir wirtschaftlech Muecht notzen, fir eppes Guddes ze bewierken. Virun allem géing et awer dorëm goen, d’Mënscherechter anzehalen.
E Bréif, deen 2023 un Ternium geschéckt gouf, ass bis haut ouni Äntwert bliwwen. Dem Jean-Louis Zeien no ass elo d’Politik gefuerdert.
Méi Informatiounen zum Thema fënnt een op initiative-devoirdevigilance.org.