Zanter gutt engem Joer bitt d’ASBL Inter-Actions esou ee Service och an der Gemeng Hesper un. Zäit, fir ee Bilan ze zéien.
Hesper gehéiert wuel net zu deene Gemengen, déi een als éischt mat sozial schwaache Verhältnisser verbënnt. Ma virun zwee Joer huet een d’ASBL Inter-Actions kontaktéiert a gefrot, fir ze analyséieren, ob Streetworking um Territoire vun der Gemeng Sënn maache géing.
Der Virginie Giarmana, Directrice adjointe bei Inter-Actions, no, huet d’Gemeng dee Schratt ënnert anerem wéinst der Arrivée vum Tram gemaach, well dësen och alt emol vu Sans-abrise genotzt gëtt. Et hätt awer och nach een anere Grond ginn:
“Déi ganz Changementer. Hesper ass eng Gemeng, déi wierklech grouss ginn ass an all Joer méi grouss gëtt. Mam Tram, mat der Gare multimodal um Houwald a mam Trafic an de Leit, déi ëmmer méi a méi kommen, war d’Gemeng wéinst de Changementer e bëssi preoccupéiert.”
No sechs Méint Analys gouf fir d’éischt mol eng hallef Tâche geschaaft. Zanter engem Joer sinn zwou Damme jee 20 Stonnen am Asaz. Eng vun hinnen ass d’Lisa Moes. Si beschreift hiren Aarbechtsalldag esou:
“Mir hunn dräi Deeg an der Woch, wou mer present sinn an der Gemeng, wou mer Tournéeën zu Fouss maachen. Eng Tournée kann zwou bis véier Stonnen daueren, wann et eng grouss Tournée ass. Mir schaffe mat Jonken zesummen, ouni awer vulnerabel Leit auszeschléissen, déi iergendeng Prekaritéit oder sozial Schwieregkeete begéine kënnen. Mir organiséieren Aktivitéite mat deene Jonken, jee no Besoin oder Interessi.”
An der Primärschoul zu Fenteng hu si d’Schüler aus dem Cycle 4 och schonn iwwert hier Aarbecht informéiert. Wat déi sozial méi schwaach Leit ugeet, sou besteet d’Roll vun de Streetworker an éischter Linn doranner, hinnen nozelauschteren, Hëllef unzebidden an - wann néideg - weider ze orientéieren. Vill vun deene Persoune géinge si souwisou scho vu verschiddene Strukture kennen. Wat déi Hesper Residenten ugeet, géingen déi d’Streetworker zwar net op der Strooss uschwätzen, mee ...
“Mir kréien heiansdo Signalementer, déi per E-Mail un d’Gemeng zum Beispill geschéckt ginn, déi kréie mir da weidergeleet. Dann huele mir Kontakt mat de Residenten op, fir eng Kéier ze erklären, wat eis Aarbecht ass an datt, wann de Besoin do ass, si sech bei eis kënne mellen. Mir haten och schonn, datt mer eis mat de Leit getraff hunn, well d’Leit sech d’Fro stellen, wéi reagéieren ech, wann ech eng Persoun Sans abri begéinen.”
D’Zuel vu Sans-abrise géing sech der Virginie Giarmana no zu Hesper a Grenzen halen. Dowéinst bräicht een an Zukunft wuel och net onbedéngt méi Personal, de Schong géing éischter op anere Plazen drécken.
“Wat mir brauchen a maache mussen, ass méi Kommunikatioun iwwert d’Aarbecht, déi mer hei zu Hesper maachen. Well d’Residente vun Hesper kennen eis net esou gutt. Dowéinst wier et gutt, wa méi méi iwwert eis Aarbecht kommunizéiere géingen, virun allem doriwwer, wat mer fir déi marginaliséiert Populatioun an déi Jugendlech maache kënnen.”
Et géing dann och nach un engem fixe Büro feelen, wou d’Leit d’Streetworker zu Hesper fanne kënnen.