6 BlesséierterCGDIS mellt siwen Accidenter zanter e Freideg den Owend

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt fir e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg eng ganz Rëtsch Blesséierter op eise Stroossen.
© RTL-Archivbild

Géint 17.20 Auer e Freideg den Owend sinn zu Weimeschkierch an der Rue des Sources zwee Autoen anenee geknuppt, hei gouf eng Persoun blesséiert.

E weidere Blesséierte gouf et bei enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer géint 19.50 Auer zu Zéisseng an der Zéissenger Strooss.

Kuerz virun Hallefnuecht ass vun Angelsbierg a Richtung Schous en Auto an e Bam gaangen, hei gouf och eng Persoun blesséiert.

E weidere Blesséierte gouf et géint 12.20 Auer tëscht Bidscht an Esch-Sauer, hei si keng weider Detailer bekannt.

Géint 3.30 Auer e Samschdeg de Moien ass dann op der A3 a Richtung Péiteng en Auto an d’Leitplank gefuer, och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Zur selwechter Zäit ass an der Uewerstad um Boulevard Royal e Gefier an e geparkten Auto geknuppt, hei gouf et e weidere Blesséierten.

An da mellt de CGDIS nach e Brand vun enger Poubelle um Houwald. Hei ass keng Persoun zu Schued komm.

Back to Top
CIM LOGO