Op hirem Réckzuch hunn déi däitsch Zaldoten 13 Gebaier a Brand gestach, bei zwee weideren hat et net geklappt, well si angeblech vun Ziviliste beschoss goufen. Wärend an der Vergaangenheet un déi schlëmm Evenementer erënnert gouf, war dat dëst Joer net de Fall. 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich ass et grad a klengen Dierfer net evident, d’Erënnerung lieweg ze halen.
Am Virfeld vum 50. Anniversaire vun der Zerstéierung vun Draufelt hate sech am Joer 1995 véier Privatleit, dorënner den Hobby-Historiker Nico Hamen, zesummegesat an iwwerluecht, wéi een deem Dag gedenke kéint. Motivéiert hätt si d’Initiative vun de Semaines culturelles op den Dierfer, déi ënnert dem fréiere sozialistesche Kulturminister Robert Krieps an d’Liewe geruff gi war. Well virun 30 Joer zu Draufelt nach all Sonndegmoien eng Mass gehale gouf, hat d’Aktioun hiren Ausgangspunkt an der Kierch.
“Wärend der Mass huet d’Hélène Jacobs, wat gebierteg vu Maarnech war an hei zu Draufelt wärend dem Krich beim Grousspapp verstoppt war a mat fortgelaf war, eis authentesch gezielt, wéi dat deemools war. A mir hunn eis dono beim Mëttegiesse getraff, dat war déi Feier an deem Kader, wéi mer se hei zu Draufelt gemaach hunn. A bei där Geleeënheet hate mer hannen an der Kierch, am Tuerm, eng etlech Fotoen opgehaangen, wéi et 1945 nom Krich hei zu Draufelt ausgesinn huet.”
D’Fotoen hat den deemolege Kaploun Albert Thilges gemaach. Zanter 2023 gëtt an der Draufelter Kierch och nach un d’Schicksal vum Resistenzler Raymond Petit erënnert. Dësen hat sech am Haus Schickes virun deenen Däitsche verstoppt. D’Nimm vun den Haiser hunn dann och 2015, beim 70. Anniversaire vum Enn vun der Ardennenoffensiv, eng wichteg Roll gespillt.
“Deemools hate mer den Tour duerch d’Duerf gemaach, bei alleguerten déi Haiser, déi verbrannt waren, hate mer eng Luucht opgestallt a mir hu bei deenen Haiser Erklärunge ginn, wéi vill Leit deemools do gewunnt hunn, wou déi higaange sinn, wéi et gebrannt huet. A mir hunn da gesot, et huet net bei Boever gebrannt, mee et huet an Hueschters gebrannt. Si hunn déi Zäit den Hausnumm gebraucht an do hu mer eis gesot, et wier jo vläicht eng flott Iddi, fir déi Hausnimm do festzesetzen.”
Vu 84 bewunnten Haiser hätten der 47 matgemaach. Wärend déi al Haiser hiren alen Numm zeréckkruten, konnten d’Proprietäre vun engem neien Haus deem een eegenen Numm ginn. Dëse gouf dann op enger Plexiglas-Plaquette un der Fassad festgemaach. Un de Käschten hu sech esouwuel d’Leit wéi och d’Gemeng Clierf bedeelegt. Datt “just” e bëssi méi wéi d’Hallschent vun den Haiser bei der Aktioun matgemaach hunn, géing weisen, datt vill Leit, déi haut zu Draufelt wunnen, kee Lien mam Duerf hunn, dee wäit zeréckgeet. Just op dräi Plaze géingen nach direkt Nokomme vu Leit, déi 1945 zu Draufelt gelieft hunn, wunnen.
“Dat heescht, hei zu Draufelt ass ee grousse strukturelle Wiessel passéiert. Déi Bauerebetriber, déi sinn dono nëmmen nach eng gewëssen Zäit virugaangen, entweder war da keen Nokomme méi do oder si waren net méi rentabel. Een Handwierksbetrib am Duerf hate mer net. Mir haten zwee Caféen, zwou Wiertschaften, déi et mëttlerweil och op där Plaz net méi gëtt.”
Haut wier Draufelt ee sougenannt Schlofduerf. D’Terrainspräisser wiere méi bëlleg wéi an der Stad an awer kéim ee mam Zuch bequeem dohin op seng Aarbechtsplaz. Am Duerf géingen d’Leit just nach schlofen an à la Limite spadséiere goen. Mat Ausnam vun engem Restaurant géing et un engem Treffpunkt feelen. Ouni deen wier et awer ganz schwéier, een Duerfliewen ze kreéieren an ouni eng Identifikatioun mat der Plaz, op där ee wunnt, géing ee sech och net fir där hir Geschicht interesséieren.
An datt sech dat nach eng Kéier ännert, do ass den Nico Hamen éischter pessimistesch. Ma ganz huet en d’Hoffnung awer nach net opginn. Hien iwwerleet nämlech, fir no engem éischten nach een zweet Buch iwwert d’Geschicht vun Draufelt erauszebréngen.