GesondheetsministeschDelai fir eng Ofdreiwung soll net vun 12 op 14 Wochen eropgesat ginn

Maxime Gillen
Well et net am Koalitiounsaccord steet a well den nationalen Ethikcomité een Avis ouni kloer Conclusioun ofginn huet, wäert et hei keng Upassung ginn.

D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez huet net Wëlles, den Delai fir eng Ofdreiwung vun 12 op 14 Wochen eropzesetzen. Dat huet si en Dënschdeg an der Chamber erkläert. Dat virop well et net am Koalitiounsaccord steet. Den nationalen Ethikcomité hat ronn 1 Joer op sech waarde gelooss, ma huet rezent säin Avis zu där Fro ofginn. Dëse kënnt awer net zu enger klorer Conclusioun, bedauert d‘LSAP-Deputéiert Paulette Lenert. Fir d‘Ministesch huet den Avis gewisen, wéi komplex dës Fro ass.

Do gëtt et en ethesche Probleem, well vun deem Moment un, wou déi 12 Wochen eriwwer sinn, ee ka verschidde Saache beim Kand detektéieren an dat ass e relativ schwieregen ethesche Probleem, dee mir net einfach esou kënne vun haut op muer léisen. Am Resumé: Et steet näischt dozou am Koalitiounsaccord.

A Frankräich ass d‘Recht op Ofdreiwung net nëmmen an d‘Constitutioun geschriwwe ginn, et ass och den Delai op 14 Wochen eropgesat ginn. An Holland ka bis zu der 24. Woch ofgedriwwe ginn. An Däitschland an an der Belsch läit den Delai, genau wéi zu Lëtzebuerg, bei 12 Wochen.

Back to Top
CIM LOGO