
E Sujet en Dënschdeg an der Chamber war d‘Decisioun vun den USA, fir den Export vun elektroneschen Chippe mat kënschtlecher Intelligenz, also sougenannten AI-Chips, fir eng Rei Länner an Europa ze limitéieren. Dorënner och fir Lëtzebuerg. Bis ewell hätt een och nach keng Explikatioun kritt, firwat d‘USA dat esou decidéiert hunn. Elo soll d‘EU-Kommissioun intervenéieren, fënnt de Premier Luc Frieden.
“Well wann Amerika de Bannemaart opspléckt tëschent gudden Handelspartner a manner gudden Handelspartner, da funktionéiert de Bannemaart net. Dofir, niewent menger Interventioun, déi ech wäert d’nächst Woch bei der Madamm von der Leyen maachen, wëll ech Iech och soen, datt ech och scho mat zwee anere Regierungscheffen aus der Europäescher Unioun Kontakt opgeholl hunn, nämlech deenen aus Polen a Portugal, déi an der nämmlechter Situatioun si wéi Lëtzebuerg.”
Den Ausseminister Xavier Bettel krut iwwerdeems den Optrag, alles z‘ënnerhuelen, fir den Amerikaner z‘erklären, datt Lëtzebuerg e vertrauenswierdegen Alliéierten ass, esou nach de Luc Frieden.