Eng besser Kommunikatioun an eng méi mënschlech Relatioun tëschent der Press an der Politik, dat wënscht sech déi nei Presidentin vum Presserot, Lynn Warken, déi d’Leedung vum Gremium virun zéng Méint iwwerholl huet. An enger Zäit vu Falschinformatioun a politescher Polariséierung wier et wichteg, datt d’Press séier un Informatioune kéim a kritesch recherchéiere kéint, sot si an hirer Ried op der traditioneller Neijoerschreceptioun fir d’Press am Geschichtsmusée an der Stad.
De Rôle vun der Press wier et, d’Handele vun der Politik ze hannerfroen an Transparenz ze schafen. Allerdéngs géingen d’Journaliste ëmmer méi bausse virgelooss ginn, kritiséiert d’Presidentin vum Presserot, Lynn Warken.
“Dat Mësstrauen oder vill méi déi Angscht géigeniwwer Journalistinnen a Journaliste fänkt schonn hei un, andeems zu de Mataarbechter oder Mataarbechterinnen deelweis gesot gëtt : Op kee Fall mat der Press schwätzen. Oder Aussoe getätegt ginn ewéi: Mir mussen eis Mataarbechter a Mataarbechterinne virun der Press schützen.”
Eng Kritik, déi den CSV-Premier a Medieminister Luc Frieden op senger Neijoerschreceptioun fir d’Press net op sech sëtze gelooss huet. Dat géing weder säin Etat d’esprit, nach dee vun der delegéierter Medieministesch Elisabeth Margue refletéieren. Hie wier awer gewëllt, d’Kommunikatioun mat der Press ze verbesseren. Zum Beispill mat weidere Reuniounen tëschent de Journalisten an de Presse-Attachéeën.
«Och wann déi éischt vläicht, bei deem wat mer rapportéiert ginn ass vun iech, net absolut zefriddestellend war. Da solle mer doraus léieren, da solle mer eng nei Reunioun maachen, un där vläicht och, wann dat äre Wonsch ass, d’Madamm Margue an ech deelhuele fir ze gesinn, wou klappt et net, wou kënne mer verbesseren, fir är Aarbecht besser ze maachen.»
An apropos verbesseren. Zanter Jore fuerdert de Presserot ee Gesetz fir den Informatiounszougang fir Journalisten. Am Summer zejoert ass d’Regierung där Fuerderung mat engem Gesetzesprojet nokomm. Beim Text wier awer nach Loft no uewen, fënnt d’Presidentin vum Presserot, Lynn Warken.
« Mir brauche méi konkret Deadlinen, eng Obligation de Réponse a méi Pouvoire fir d‘Commission d’accès aux documents (CAD).»
Weider war et nach den Appell un d’Regierung, de Budget fir de Presserot ze erhéijen, fir kënnen ee Conseiller Vollzäit ze engagéieren. D’Unzuel an d’Komplexitéit vun den Dossieren, déi de Gremium traitéiert, wären an d’Luucht gaangen, de Budget awer net.