Viru 40 Joer sinn d'Dieren opgaangenDen nationale Militärmusée vun Dikrech feiert Gebuertsdag

Marc Hoscheid
Den 23. September 1984 huet am Bamerdall zu Dikrech de Musée National d'Histoire Militaire seng Dieren opgemaach.

40 Joer Militärmusée zu Dikrech - Reportage Marc Hoscheid

Well dëse Wanter vill Manifestatioune ronderëm den 80. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv organiséiert ginn, gouf decidéiert, d’Feier fir de 40. Gebuertsdag vum Musée e bëssen no hannen ze verréckelen a mat der Gedenkzeremonie ronderëm déi definitiv Befreiung vun Dikrech ze kombinéieren. De Musée opzebauen, war mat vill Aarbecht verbonnen, ma d’Leit vun der éischter Stonn kucken awer mat Freed op déi Zäit zeréck.

Den nationale Militärmusée vun Dikrech feiert säi 40. Gebuertsdag
Den 23. September 1984 huet am Bamerdall zu Dikrech de Musée National d’Histoire Militaire seng Dieren opgemaach.

Gutt 40 Joer no senger Grënnung ass den nationale Militärmusée haut eng fest Gréisst an der nationaler Muséeslandschaft. Eng 30.000 Visiteuren zielt ee pro Joer, méi wéi een Drëttel dovunner si Schoulklassen. Ee wichtege Bestanddeel vum Konzept sinn déi sëllegen Dioramaen. Dës stelle konkret Krichszeenen no. Zum Beispill dee Moment, an deem déi Alliéiert zu Dikrech iwwer d’Sauer gesat hunn. Op déi Aart a Weis solle Betraffenheet an Identifikatioun entstoen. Déi gréissten Erausfuerderung wier déi, datt déi Jonk vun haut ëmmer manner een direkte Lien mat den Evenementer vun deemools hätten. An dowéinst wäert engem och an Zukunft d’Aarbecht net ausgoen, esou de President vun der ASBL, déi de Musée bedreift, Frank Rockenbrod.

“Wat awer feelt, dat si ganz vill kontextuell Informatiounen. Ouni Guide oder automatesche Guide, wéi mir en nennen, geet dat einfach net. An domadder komme mer och net méi weider, wat haut wichteg ass, ass d’Authentizitéit vun de Messagen. Ech hu 500 Interviewe gemaach, déi kënne mer lo do mat erabréngen, eraschneiden an déi ginn dann och dem Authentizitéitsusproch gerecht, wat d’Jugend haut och brauch.”

Ma och wann een an Zukunft nach méi op audiovisuell Elementer setze wëll, wäerten Dioramae weider eng wichteg Roll spillen.

De Frank Rockenbrod
De Frank Rockenbrod
© Pedro Venanzio / RTL

Et ware fënnef jonk Männer mat ganz ënnerschiddlechem soziale Background, déi den nationale Militärmusée viru méi wéi 40 Joer opgebaut hunn. De Franck Rockenbrod huet genee wéi de Roland Gaul an de 70er-Jore Leit interviewt, déi den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg matgemaach hunn, esouwuel Ziviliste wéi och Veteranen. Den Interessi fir den Zweete Weltkrich koum beim Frank Rockenbrod virun allem duerch säi Papp, deen, well en an der Resistenz aktiv war, op Hinzert an d’Konzentratiounslager bruecht gouf a spéider als Zwangsrekrutéierten un der Ostfront huet musse kämpfen. Besonnesch markéiert hätt hien awer, wéi säi Papp, an och anerer aus der Krichsgeneratioun, d’Evenementer vun deemools verschafft hunn.

“Hie war dono an zwou Associatiounen, déi eigentlech zwou verschidde Leidensgemeinschafte representéiert hunn. An där gouf et eng Villzuel nom Krich, an déi hunn net onbedéngt alleguer matenee kooperéiert. An dat huet mech als jonke Mënsch e bëssi intrigéiert, datt ech soen, den Dénominateur commun war dee verdammte Krich. Wann dee Krich net komm wär, da wären déi Zwangslager, an deenen déi Leit alleguer waren, an dee Misär, dee se all erlieft hunn, guer net komm. Dat heescht, dann hätte mer all ee friddlecht Liewe gefouert.”

Wat d’Ausstellungsstécker ugeet, koumen déi an éischter Linn vu Bauerenhäff, virop aus dem Éislek. D’Baueren hätten dem Musée d’Saache gäre geschenkt, well se an hiren Aen just Plaz ewechgeholl a si se soss ewechgeschmass hätten. Wéi de Musée bis ee legale Kader a Konventioune mat verschiddene Ministèren hat, huet een och Kontakt mat auslänneschen Arméien opgeholl. De Franck Rockenbrod erënnert sech dorunner, wéi ee bei der Schwäizer Arméi ugefrot hat, fir een däitsche Panzer ze kréien.

“Mir waren dunn iwwerrascht, datt e puer Deeg drop den Oberst Würmli, ech vergiessen dat mäi Liewe laang net, vun Thun, deen huet eis dunn ugeruff a gesot: “Der Panzer ist schon unterwegs.” An dee war du fuschnei, wéi d’Schwäizer dat maachen, nei Boîtten, fuschnei an der Rei, voll funktiounsfäeg. An du kënnt deen dann do erugerullt. Da kënnt der Iech jo virstellen, mir, déi do dauernd am knaschtege Gezei ugestrach hunn a Plättercher ofgeklappt, da kënnt op eemol esou een Objet dohin, dat war natierlech schonn hefteg.”

Ma beim Militärmusée huet ee sech net just op d’Ausstelle vu Krichsobjete beschränkt. Et huet een och beim Dréi vum Film “Déi zwéi vum Bierg”, deen 1985 an d’Kinoe komm ass, gehollef. Um Bord vun den Dréiaarbechten ass een och alt emol mat engem Panzer duerch de Bësch gefuer. De Frank Rockenbrod souz uewen um Panzer an huet mat enger Super-8-Kamera gefilmt.

“An du gesinn ech hannen an enger Kéier een eelere Mann mat engem Vëlo kommen, riicht entgéint. Dee Wee war ganz enk an ech hat grouss Angscht, datt eise Chauffer, dat war de Marion Schaaf, deen deemools bei Ponts et chaussées gewinnt war, op Akerbaumaschinnen ze fueren, mee mat där Vue, déi en hat, huet en dee Mann net richteg gesinn, well et war net virgesinn, datt do ee géing kommen. An de Mann, dee war esou erféiert, wéi en de Panzer gesinn huet, op sech duerkommen, deen ass ratsch riets de Bierg erofgefuer.”

Ma dem Mann wier awer zum Gléck näischt geschitt. Mëttlerweil erliewen d’Grënnungsmembere vum Militärmusée keng esou Aktioune méi. De Franck Rockenbrod hëlleft als President vun der ASBL, déi de Musée bedreift, zwar nach dobäi, fir an Zesummenaarbecht mat verschiddene Ministèren ee méi professionelle Kader en place ze setzen, mee mëttlerweil këmmert sech eng nei Ekipp ronderëm den Direkter Benoit Niederkorn ëm den deegleche Betrib. Et kann ee sech zudeem virstellen, de Keller, deen aktuell als eng Zort Lager genotzt gëtt, an d’Ausstellung ze integréieren. Fir den 41. Gebuertsdag dierft dee Projet awer nach net fäerdeg sinn.

LINK: Hei fannt Dir de Podcast “80 Joer Battle of the Bulge”

Back to Top
CIM LOGO