Polizist gëtt 26 Schëss op Camionen of, Parquet freet 32 Méint Prisong
© ROBERT SCHLESINGER / picture alliance / dpa Picture-Alliance via AFP
Wéinst Verstouss géint d’Waffegesetz huet e fréiere Polizist sech e Mëttwoch missen um Stater Geriicht veräntwerten.
Dat nodeems den Ugeklote schonn den Dag virdru wéinst zwee Abréch virum Riichter stoung. Zwou Affären, déi eenzel traitéiert ginn an awer zum Deel matenee verbonne sinn.
Et ass nämlech duerch d'Abréch, an déi domat verbonne Perquisitiounen, dass d'Affär vun de Schëss opgedeckt konnt ginn. D'Faite ginn zréck op den 19. Juni 2022, also e knappe Mount, ier de Polizist an zwee Haiser agebrach ass.
Kuerz no 21 Auer owes huet hien um Site vun enger Entreprise zu Zolwer 26 Mol op 2 Camione geschoss, déi do geparkt waren an dat mat zwou Déngschtwaffen. Dat awer net mat der Déngscht-Munitioun, déi war hie sech am Virfeld op Miersch selwer kafen, ouni Autorisatioun.
"Mäi Mandant huet 2 Camionen zerballert, dat ass net richteg, mee hie war net zourechnungsfäeg", huet säin Affekot argumentéiert an änlech wéi an der Affär vun den Abréch op sengem Client säin Alkoholproblem verwisen an dem Fait, datt hien absolut net fir de Beruff vum Polizist gemaach wier.
Datt nëmme 50 Meter vum Site Wunnhaiser wieren a genee an der Schossrichtung en Haus stoung, hätt hien net gewosst, sot den Ugekloten iwwerdeems. Hien hätt doheem eppes gedronk an wier du mat de Waffen am Auto op de Site gefuer, wou hien d'Munitioun gewiesselt hätt, sou de suspendéierte Polizist.
Vun engem respektlosen Ëmgang mat Waffen huet d'Vertriederin vum Parquet geschwat. Wat och nach eemol däitlech géif ginn duerch Fotoen, déi de Mann verschéckt hat.
Wéinst den Abréch e Mount méi spéit gouf nämlech den Handy vum Ugeklote saiséiert an eng ganz Partie Fotoe vu senger Déngschtwaff fonnt, déi hie via Whatsapp a Snapchat verschéckt huet. Dat ënnert anerem, wou een d'Waffen an der Mall vu sengem Auto leie gesäit, mat 2 Whiskyfläschen niewendrun.
Bei de Perquisitioune bei him doheem an am Auto goufen iwwerdeems eng voll, esou wéi eng eidel Packung Munitioun fonnt. De Parquet freet 32 Méint Prisong. D'Urteel gëtt, genee sou wéi an der Affär vun den Abréch, den 12. Februar gesprach.