Innovativ a sécherPartenariat tëscht Regierung a Clarence Cloud

Diana Hoffmann
Clarence – eng souverän an deconnectéiert Cloud vu Luxconnect a Proximus – huet en Donneschdeg e Partenariat mam Lëtzebuerger Staat ënnerschriwwen.
Innovativ a sécher: Partenariat tëscht Regierung a Clarence Cloud
Clarence – eng souverän an deconnectéiert Cloud vu Luxconnect a Proximus – huet en Donneschdeg e Partenariat mam Lëtzebuerger Staat ënnerschriwwen.

D’Regierung an d’Verwaltunge wäerte fir innovativ Zwecker iwwert de Centre des technologies de l’information de l’État op dësen neie Service kënnen zeréckgräifen. Clarence ass nämlech eng Cloud, déi geséchert an deconnectéiert vum Internet ass, wou ee ka sensibel Donnéeë späicheren a benotzen.

De Sujet ass e bëssen abstrakt, mee interessant a sécherlech net onwichteg. Jo well et geet ëm Donnéeën. An déi hunn e Wäert, well se ewéi eng Matière première fir all Zorten Applikatioune kënne benotzt ginn. Eng Cloud ass – graff resuméiert - e Reseau vu Serveren. Eng souverän Cloud, dat heescht de Reseau ass vum Internet deconnectéiert. An Zäite vu geopolitescher Onstabilitéit, mee och Cyberattacken an Ausbeutung vun Donnéeën ass et normal, datt Staaten hir digital Infrastruktur an hir Donnéeë wëllen ofsécheren. Mee och selwer auswäerten oder “den Zuch net verpassen”, esou d’Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin.

De Staat respektiv de CTIE huet schonn zanter 2016 de govcloud. Mat Clarence géing et net drëm goen, all d’Donnéeën oder all d’Serveren ze transferéieren. “Et ass eng aner Finalitéit”, esou d’Ministesch. Et géing drëm goen, Donnéeën an engem gesécherten Ëmfeld ze “kräizen” a mat neien Technologien ewéi d’Kënschtlech Intelligenz ze verschaffen.

D’Sécherheet oder d’Souveränitéit hätt mat der Clarence Cloud och zwou Dimensiounen, esou den Direkter vu Luxconnect, de Paul Konsbruck. D’Donnéeë wieren hei am Land stockéiert an et géing keng Verbindung mam Internet oder mam Fournisseur vun der Technologie, wat an dësem Fall Google ass. Donieft géing et mat Lëtzebuerg als Standuert de Virdeel vun der Juridiktioun.

Fir op d’Clarence Cloud kënnen zeréckzegräifen leet de Staat elo emol bis zu zwou Milliounen Euro d’Joer op den Dësch. Bis zu - well et dovunner ofhänkt, wéi vill d’Cloud wäert benotzt ginn. D’Enveloppe wier awer och no Uewen upassungsfäeg, esou nach d’Stéphanie Obertin. Bei Luxconnect ass de Lëtzebuerger Staat eenzegen Aktionär. Bei Proximus huet de belsche Staat méi ewéi d’Hallschent vun de Parten.

Wie wäert beim Staat da Clarence benotzen? E Journalist huet nogefrot: d’Defense, d’Police oder d’Justiz? De Chef vum CTIE, de Patrick Houtsch sot, dat wier un hinnen ze decidéieren. Et misst ee si froen. Ee Client huet Clarence schonn an zwar d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF.

PDF: Fakten zu der Cloud-Offer vum CTIE

Back to Top
CIM LOGO