
Den Ombudsman fir d’Rechter vum Kand rappelléiert d’Prekaritéit vu verschiddene Kanner wärend de kale Wanterméint.
Och de Staat hätt do eng Responsabilitéit, mat Bléck op international Engagementer a punkto Kannerrechter.
Zënter dem Ufank vun der Wanteraktioun am November hätte sech 10 Famille mat Migratiouns- oder Exil-Hannergrond beim Ombudsman gemellt.
Den OKAJU (Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher) hätt bei verschiddene Ministèren op d’Situatioun opmierksam gemaach, heescht et an engem Communiqué. Ma d’Léisunge géingen awer leider op sech waarde loossen. Den OKAJU verlaangt, datt zousätzlech Infrastrukture geschafe ginn, fir den néidegen Accueil ze garantéieren.
Ee Problem wieren och d’Retarde beim Traitement vun den Asyl-Demanden.