
Eng Persoun gouf hei blesséiert, wéi si vun engem Auto ugestouss gouf. D’Pompjeeë vu Péiteng an d’Ambulanciere vun Esch waren op der Plaz.
An der Nuecht op e Freideg huet eng Policepatrull op der Héicht vun Noutem dann nach een Auto ugehalen, deen Schlaangelinne gefuer war. Bei der Kontroll hunn d’Beamte festgestallt, datt de Chauffer gedronk hat, wa dann och duerch een Alkoholtest confirméiert gouf. De Chauffer krut säi Fürerschäin ofgeholl.