
Op der Plaz huet eng Policepatrull zwee Verdächteger identifizéiert, bei deenen dann och eng Rei geklaute Produite konnte séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee festgeholl an e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.
An de leschte Stonne goufen der Police dann och nach eng Rei Abréch gemellt. Esou zum Beispill en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg, wou Onbekannter an eng Appartementswunneng an der Route Principale zu Lëntgen agebrach sinn. Si hunn ënnert anerem ee Laptop an Auere matgoe gelooss.
Ee weideren Abroch gouf et en Donneschdeg den Owend an een Eefamilljenhaus am Chemin de la Fontaine zu Käerch. Déi Kriminell sinn agebrach, ma goufe méiglecherweis duerch de Retour vum Bewunner iwwerrascht. Si konnte sech mat Boergeld a Bijouen duerch d’Bascht maachen. D’Police huet direkt eng Sich an d’Weeër geleet, ma konnt déi Verantwortlech net méi fannen. An alle Fäll sinn Ermëttlungen lancéiert ginn.
Wéi ee sech virun Abréch schütze kann, fannt Dir hei um Site vun der Police eraus.