Nathalie FrischD'Caritas wier "natierlech immens frou" iwwer d'Resultat vun der Enquête

RTL Lëtzebuerg
D'Member vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun sot, dat géing och bestätegen, datt d'Caritas Affer vun enger grousser krimineller Organisatioun ass.

Natierlech hätt een och léiwer, datt een déi ganz Zomm, déi geklaut gouf, géing zeréckkréien, mee dat wier an hiren Aen “net realistesch”. Et wéisst een och, datt et dauert, bis iwwerhaapt eppes saiséiert a rembourséiert gëtt. D’Caritas freet sech awer iwwert alles, wat se zeréckkritt. No all deene Méint géingen d’Nouvellë vun e Freideg awer erëm “Hoffnung” bréngen.

D’Nathalie Frisch am RTL-Interview

Op d’Fro, ob ze séier mam Fanger op d’Caritas gewise gouf, respektiv d’Regierung ze séier Konklusioune gezunn hätt, sot d’Nathalie Frisch, an hiren Ae wier et normal, datt am Ufank vun esou enger Situatioun “verschidde Bremse” gezu ginn a si versteet, datt net nach Suen “dra gestach” goufen. Duerno hätt d’Caritas sech awer “aner Reaktiounen” erhofft, “mee et ass ëmmer einfach, elo ze soen” et hätt ee missen alles anescht maachen.

D’Nathalie Frisch hofft awer, datt “spéitstens elo vläicht verschidden Ouverturë kommen, déi vläicht iwwert déi lescht Méint net do waren”.

Back to Top
CIM LOGO