Zweeten Auto hannendrop geranntAlkoholiséierte Chauffer geréit a Summerwee a kritt zwee Beem ze paken

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den accidentéierte Chauffer mat sengem Auto op der Fuerbunn tëscht Uewerpallen an Ell stoe blouf, ass kuerz drop e weideren Auto him dra gerannt.
© RTL Archiv

Wéi d’Police schreift, war et géint 18.10 Auer op der Streck vun Uewerpallen a Richtung Ell zu engem Accident komm, bei deem e Chauffer mat sengem Gefier liicht an de rietse Summerwee geroden ass an dann e Bam gesträift huet. Beim Opprall gouf de rietsen, hënneschte Pneu vum Auto gerass an den Auto op d’Géigespuer geschleidert. Dobäi hätt de Chauffer d’Steierrad no lénks gerappt, wouduerch den Auto queesch iwwer d’Fuerbunn a widder e weidere Bam geschleidert gouf. Schlussendlech wier de Won staark beschiedegt op der Fuerbunn stoe bliwwen.

En Zeie war um Rand vun der rietser Spuer sote bliwwen, fir nom Chauffer ze kucken. Dobäi ass e weideren Automobilist, deen hannert dem Zeie war, mam accidentéierte Gefier kollidéiert, well hien dëst wuel net gesinn hat.

Op der Plaz huet d’Police bemierkt, datt de Chauffer vum éischten accidentéierte Won ze vill gedronk hat, wouropshin hien de Permis huet missen ofginn. Den Zeien an den Automobilist vum zweeten accidentéierte Won goufen net blesséiert. Béid Autoe goufen ofgeschleeft.

Och de CGDIS hat an hirem Bulletin iwwer den Accident geschriwwen. Op der Plaz waren deemno d’Rettungsdéngschter vu Réiden a Biekerech.

Back to Top
CIM LOGO