
Bei engem Accident e Freideg géint 18 Auer op der RN22 tëscht Uewerpallen an Ell gouf deemno eng Persoun blesséiert, wéi zwee Autoen accidentéiert waren. D’Rettungsdéngschter vu Réiden a Biekerech waren op der Plaz.
Kuerz virun Hallefnuecht gouf et iwwerdeem dräi Blesséierter bei engem Accident op der A6 op der Héicht vum Zéissenger Kräiz, an deen dräi Autoe verwéckelt waren. Nieft dem Samu-Noutdokter waren hei och d’Rettungsdéngschter aus der Stad a vu Mamer am Asaz.
Eng weider Persoun gouf bei engem Accident kuerz no 1 Auer e Samschdeg um CR78 tëscht Riedgen an dem Schléiwenhaff blesséiert. Och hei waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad op der Plaz, zesumme mat de Pompjeeë vu Leideleng.
Kuerz viru 4 Auer ass iwwerdeem e Bus op der Areler Strooss zu Stroossen accidentéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ekippe vu Mamer a Bartreng waren op der Plaz.
Kuerz no 10 Auer ass an der Route de Bettembourg zu Diddeleng en Auto an e Bam gerannt. Hei ass eng Persoun zu Schued komm.
Kuerz virun 11 Auer huet zu Péiteng an der Route de Niederkorn een Auto Feier gefaangen. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.
Kuerz viru Mëtteg gouf een Accident um CR121 vum Mëllerdall a Richtung Blummendall notéiert. Een Auto war an den Accident involvéiert. Et ass keng Persoun blesséiert ginn. Am nämmlechten Zäitraum waren am Neiduerf an der Stad zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf et kee Blesséierten.
Géint 14.15 Auer koum et zu engem Accident zu Rëmerschen op der Schengerwis bei den Tankstellen. Dräi Autoe sinn do kollidéiert. De CGDIS notéiert 3 Blesséierter.