
... dat sinn d’Haaptthemen op deenen d’Partei Fokus an den nächste Joren de Schwéierpunkt wäert leeën, sou heescht et e Samschdeg de Moien an engem Communiqué.
Schonn an der Vergaangenheet wier een an deenen Domainer mat markante Positiounen opgefall, notamment d’Fuerderung no enger Elterenzäit also Aarbechtszäitreduktioun ouni Lounverloscht an de biergerlechen Déngscht fir jonk Leit.
Donieft wéilt een déi biergerlech Wäerter, déi d’Basis vun eiser Gesellschaft sinn, an Zukunft nach méi promouvéieren. Dozou gehéieren d’Erzéiung vu Kanner a Jugendlecher, d’Behuele vun Erwuessenen an Engagement fir eis Gesellschaft bis an den Alter.