Aus gesondheetleche GrënnNancy Kemp-Arendt zitt sech zum Deel aus der Ëffentlechkeet zeréck

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Deputéiert a fréier Olympionickin am Schwammen an am Triathlon via sozial Medie matgedeelt.
D'Nancy Kemp-Arendt (3. vu lénks) an der Chamber mam Marc Lies, Félix Eischen a Stéphanie Weydert
D’Nancy Kemp-Arendt (3. vu lénks) an der Chamber mam Marc Lies, Félix Eischen a Stéphanie Weydert
© Chambre des députés on flickr

D’CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt zitt sech aus gesondheetleche Grënn eng Zäit laang aus der Ëffentlechkeet zeréck. Si wier vun dëser Woch u bei engem Onkolog a Behandlung a wéilt sech elo op Famill a Frënn limitéieren.

An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, dass d’CSV-Deputéiert eng Zäit laang net an der Chamber aktiv wier, dat ass awer net de Fall.

Och den Hesper Buergermeeschter an Deputéierte Marc Lies hat d’lescht Woch jo matgedeelt, dass hien sech eng perséinlech Paus vun zwee Méint wéilt ginn.

Back to Top
CIM LOGO