Aus dem PolicebulletinErmëttlunge goufen no zwee Abréch zu Esch an an der Stad opgeholl

RTL Lëtzebuerg
De Sonndeg krut d'Police direkt e puer Abréch gemellt.

Dat eng Kéier zu Esch an der Léckerstrooss. Den Täter war an en Eefamilljenhaus agedrongen an huet hei méi Raim duerchwullt.

Sue geklaut hat en Onéierlechen an der Rue des Capucins an der Stad, wéi hien an e Bistro agedrongen ass. D’Police huet kuerz no der Dot nom Mann gesicht, konnt en awer net fannen. A béide Fäll lafen d’Ermëttlungen.

D’Police huet eng Säit ageriicht mat präventive Rotschléi, wéi ee sech besser géint d’Abréch schütze kann.

Back to Top
CIM LOGO