Premier huet Aarbechtsgrupp zu der Situatioun am Garer Quartier aberuff
© RTL-Archiv
Den Opruff vun enger Biergermiliz op der Stater Gare mécht net just der Oppositioun, mee och der Stater Buergermeeschtesch Suergen.
Den Opruff vun enger Biergermiliz op der Stater Gare mécht net just der Oppositioun, mee och der Stater Buergermeeschtesch Suergen.
Dat ass e Méindeg de Mëtteg am Stater Conseil nach eemol kloer ginn. De Sujet ronderëm d'Situatioun op der Gare ass jo souzesoen en "Dauerbrenner".
D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer wier awer ëmmer frou, d'Problematik kënne kloer unzeschwätzen, huet si betount. Eng Miliz, wéi se vu verschidde Bierger annoncéiert gouf wier e No-Go, dat wier evident:
"Wat awer grad esou evident ass, ass, datt d'Leit op der Gare déi Situatioun, déi se all Dag materliewen an net zënter gëscht an net zënter dem leschte Joer, datt se dat net méi erdroen. A vläicht contrairement zu Iech, huele mir déi Suergen an zënter Laangem extreem eescht."
D'Gemengeconseillère Christa Brömmel vun déi Gréng wollt dat awer net esou stoe loossen:
"Wann ech déi Fro stellen, da just, well mech engersäits déi Ausso, oder deen Opruff zu enger Biergermiliz wierklech, wierklech, well ech dat wierklech ganz beonrouegend fannen, an Zweetens, datt ech déi aner Froe stellen, där kënnt mer natierlech ënnerstellen, dat wier fir iech ze iergeren, mee well et eis awer eeben och interesséiert. An et ass nach keen, deen hei gesot hätt, et wier easy an einfach a simplistesch, genee dowéinst muss een och driwwer schwätzen."
D'Lydie Polfer huet drun erënnert, datt si e Bréif un de Premier adresséiert hat an datt de Luc Frieden en Aarbechtsgrupp aberuff huet, an deem d'Stad Lëtzebuerg zesummen mat de Ministeren vun der Police, Justiz, Santé an och Famill sech zesummen un en Dësch wäert sëtzen, fir iwwert d'Situatioun op der Gare an och d'Drogekriminalitéit ze beroden an Léisungen ze fannen.
Stad soll revitaliséiert ginn
"Et muss méi gemaach gi fir de Commerce an der Stad Lëtzebuerg an d'Stad selwer misst méi Lokaler opkafen an zur Verfügung stellen." Dat huet de Gabriel Boisante vun der LSAP e Méindeg am Gemengerot betount. Fir weider virun allem jonk Commercen unzezéien huet hien en anere Modell par Rapport zu de Loyere proposéiert:
"Dass mer mat méi niddrege Loyere kéinte fonctionéieren an dass mir en Deel vum Resultat, en Deel vum Chiffre d'affaires kéinten zréck un d'Gemeng ginn, soudass mer e "Win-win-Modell" kéinten opstellen, soudass wann e Commerce Succès huet, mir och hei an der Gemeng e méi gréissere Succès hunn an déi Fonge kéinte reinvestéiert ginn, fir zukünfteg nei Projet ze ënnerstëtzen."
E Modell, deen ee kéint analyséieren, sot de Stater CSV-Schäffe Maurice Bauer. Et misst een awer och differenzéieren tëscht de Pop-Up-Butteker, déi d'Stad Lëtzebuerg meeschtens selwer lount an dann zu engem ganz bëllegem Loyer zur Verfügung stellt, an de Surfacen an Haiser, déi der Stad Lëtzebuerg gehéieren:
"A wou mer dee Moment eben och probéieren, d'Leit un de Marchéspräis erunzeféieren, well mer natierlech och net wëllen eng Concurrence déloyale hei maachen. Well och dat ass e Problem, dee mir natierlech soss kéinte virgehäit kréien, dass mir hei géifen eng Concurrence déloyale spille loossen an der Stad par Rapport zu anere Commercen. Dowéinst ass och hei dee Loyer, deen dee Moment och esou gestaffelt an d' Luucht geet."
Et wier awer de klore Wëlle vun der Stad Lëtzebuerg méi jonk an divers Commercen an d'Stad ze kréien, huet de Schäfferot nach betount.
Eng positiv Nouvelle da vun der Stater Buergermeeschtesch Punkto Gare. De Chantier an der Stroossbuerger-Strooss, deen iwwer 100 Deeg Retard krut, wäert am Hierscht dëst Joer definitiv ofgeschloss sinn.