Matten am BeruffstraficCourse-poursuite op der A4, nodeem Chauffer Verkéierskontroll evitéiere wollt

RTL Lëtzebuerg
Op der Héicht vun der Aire de Pontpierre wollt en Automobilist eng Verkéierskontroll evitéieren.
© Domingos Oliveira (Archiv)

Dowéinst ass dëse mat héijer Vitess vun der Plaz fortgefuer. D’Beamten op der Plaz hunn d’Poursuite opgeholl a konnten de Won kuerz drop op der Héicht vun Éilereng erëmfannen, dat awer ouni Passagéier. Direkt e puer Unitéiten hunn dono no den zwou Persounen, déi am Won gesi goufen, gesicht, dës goufen awer net fonnt. De Parquet huet d’Gefier saiséiere gelooss an Ermëttlungen ordonéiert.

Wéi et vun Zeien, déi d’Aktioun matkruten, heescht, wär dës Course-poursuite wärend dem Beruffstrafic op der Escher Autobunn gewiescht. Well hei vill Autoen am Stau stoungen, wier et zum Deel zu ganz geféierleche Situatioune komm. Aenzeie hu weider ausgesot, datt de Policehelikopter de ganzen Owend iwwer am Raum Éilereng an Zolwer ënnerwee war. Dat huet d’Police bis ewell awer net confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO