En Dënschdeg goufen zwou Petitiounen zum selwechte Sujet mat awer ënnerschiddleche Meenungen an der Chamber diskutéiert.

Gehéieren "LGBTIQ+"-Sujeten an d'Schoul? / Claudia Kollwelter aus der Chamber

Sollen "LGTBIQ+"-Themen an de Schoulen thematiséiert ginn oder net? Dat war en Dënschdeg de Moie Sujet an zwee ëffentlechen Debatten an der Chamber. D'Claudia Kollwelter huet d'Diskussiounen um Krautmaart suivéiert. Konkret goung et ëm zwou Petitiounen zu engem Thema, mä mat ganz ënnerschiddleche Meenungen.

Déi eng Petitioun fuerdert, datt "LGBTIQ+"-Sujeten net an de Schoulen thematiséiert ginn oder villméi eréischt vun engem gewëssen Alter un. Déi aner fuerdert, datt grad do méi iwwert déi Theme geschwat an opgekläert gëtt. Et ass rar, datt een zwee Debatten iwwert ee Sujet huet an dofir war d'Form och bëssen anescht wéi gewinnt. Déi zwou Petitionären hunn noeneen hiert Uleies duergeluecht an dunn eréischt huet d'Regierung geschwat.

Zum Contenue vun den Debatten dann - engersäits ass et ëm de Rôle vun der Schoul gaangen.

An den Ae vun der Petitioun géint d'Thematiséiere vun den "LGBTIQ+"-Sujeten ass et un den Elteren ze decidéieren, ob a wéini hir Kanner domat confrontéiert ginn. Et wier also net un der Schoul an et dierft een et kengem imposéieren, fënnt de Steve Schmitz.

Extrait Steve Schmitz

D'Eltere sollen de Kanner Léift, Empathie a Respekt bäibréngen. Et ass net un de Schoulen. D'Schoule sinn do, fir de Kanner eppes bäizebréngen, datt se eppes kënnen an Zukunft e Beruff léieren, eng Plaz kréien, eng Aarbecht kréien, awer net do fir hinnen esou Theeme bäizebréngen.

Déi zweet Petitioun gesäit dat natierlech ganz anescht, fuerdert jo och, datt d'Sujeten an de Schoulen thematiséiert ginn. Et wier eng Realitéit an eiser Gesellschaft a vun eiser Gesellschaft, seet de Marc Gerges:

Extrait Marc Gerges

All Mënsch huet sécher seng eege Valeuren an e sollt ee och hunn, an déi kann en och a senger Famill weiderginn, e kann se deelen. Mä eis Gesellschaft, déi baséiert dorobber, fonctionéiert dowéinst, datt mer verschidde Valeuren deelen, déi fundamental sinn. Dat ass de Respekt, d'Egalitéit, net d'Diskriminatioun, bref alles, wat e friddlecht Zesummeliewen erméiglecht.

Et ass awer och driwwer diskutéiert ginn, vu wéi engem Alter un iwwert d'Thema geschwat kéint a sollt ginn.
Aus de Reaktioune vun de Politiker war dann och eng relativ kloer Stellung erauszehéieren.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet vun deels falschen oder Argumenter, déi aus der Loft gegraff wieren, geschwat an ënnerstrach, datt sexuell Diversitéit kloer an d'Schoul gehéiert an et eng gesellschaftlech Realitéit wier, déi een net eleng de Famillje kéint iwwerloossen.

Um Enn gouf festgehalen: d'Chamberkommissioune wäerte sech deemnächst méi intensiv mat de Schoulprogrammer beschäftegen an d'Elterevertriedunge sollen och méi an d'Diskussiounen agebonne ginn, fir de Leit verschidden Ängschten einfach ze huelen.

D'Petitionären hunn iwwerdeems no dem Debat nach laang mateneen diskutéiert a sech echangéiert.

Hei d'Schreiwes am Detail:

LGBTIQ+: une réalité dans notre société, une réalité dans nos écoles (28.01.2025)
Communiqué par : ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse / ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité
 
La diversité des sexes, des identités du genre et des orientations sexuelles est une réalité dans notre société. Elle est également une réalité dans notre école. Reconnaître et informer sur cette diversité est fondamental pour construire une société démocratique, respectueuse et ouverte d'esprit.

Une école ancrée dans la réalité

L’école a pour mission d’éduquer les enfants dès le plus jeune âge au respect, à la tolérance et au vivre-ensemble dans notre société plurielle. Miroir de la société, elle se doit également de thématiser les sujets sociétaux majeurs qui peuvent générer des questionnements au quotidien chez les enfants et les jeunes, pour en favoriser la compréhension et les rendre capables de se forger leur propre opinion.

Une école respectueuse des droits de la communauté LGBTIQ+

L’école est aussi tenue de respecter les conventions et engagements internationaux en faveur des droits humains, qui incluent également la lutte contre les discriminations basées sur l’orientation sexuelle et l’identité de genre. Le Luxembourg soutient les résolutions du Conseil des droits de l’Homme de l’Organisation des Nations unies (ONU). En tant que membre de l’Union européenne (UE), le Luxembourg applique la stratégie LGBTIQ+ 2020-2025, qui vise à garantir l’égalité et la protection des droits LGBTIQ+. Le pays s’engage également à suivre les recommandations du Conseil de l’Europe en matière de lutte contre la discrimination basée sur l’orientation sexuelle ou l’identité de genre.
Une thématique présente à l’école, adaptée selon le niveau de classe

L’ampleur du débat soulevé par les deux pétitions relatives à la présence des thèmes du LGBTIQ+ à l’école confirme l’importance d’y thématiser les différences entre les sexes, les identités de genre et les orientations sexuelles.
Au Luxembourg, l’éducation sexuelle et affective a toute sa place dans l’enseignement fondamental et secondaire. Outre la dimension biologique fondée sur les connaissances scientifiques de la sexualité humaine, l’école aborde aussi la sexualité dans sa dimension humaine, qui met en avant les dimensions émotionnelles, affectives et sociales. La tolérance et le respect de la diversité sont thématisés dans plusieurs disciplines à travers le parcours scolaire, notamment dans la discipline Vie et société, qui aborde des thèmes comme la sexualité, l’éthique sexuelle, l’identité sexuelle, la diversité des genres, etc. Pour répondre aux questions des élèves des différents niveaux de classe, les enseignants ont à disposition des matériels didactiques.

En abordant de manière objective et neutre et de manière adaptée à l'âge et à la maturité des élèves, les différences entre les sexes, les identités de genre et les orientations sexuelles, l’école favorise la compréhension des différentes dimensions de la thématique LGBTIQ+. Elle contribue ainsi à former des citoyens éclairés et tolérants, capables de vivre et d’interagir dans un monde pluriel.

L'accord de coalition prévoit entre autres l'adaptation du PAN LGBTIQ+ sous l'égide du ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité (MEGA), qui comprendra également un chapitre relatif à un renforcement des sujets LGBTIQ+ dans le système éducatif luxembourgeois.