
Si ass duerno weidergefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren, deen entstanen ass. Wéi et vun der Police heescht, wier si mat mat engem schwaarzen Auto vun der Mark Mercedes ënnerwee gewiescht. Beim Modell soll et sech ëm eng Limousine aus der C-Klass handelen.
D’Automobilistin respektiv Zeien, déi Informatiounen iwwert den Accident hunn, si gebieden, sech beim Policekommissariat Réimech/Munneref ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 77 1000 oder via Mail u “police.remichmondorf@police.etat.lu”.