
De Kooperatiounsminister Xavier Bettel huet en Donneschdeg dräi Kader-Accorde mat véier gemengnëtzegen Organisatiounen am Beräich vun der internationaler Kooperatioun ënnerschriwwen, dorënner Action Solidarité Tiers Monde, d’Lëtzebuerger Croix-Rouge, ECPAT Lëtzebuerg an Handicap International Lëtzebuerg.
Dës Kader-Accorde gëlle fir dräi bis fënnef Joer a ginn tëscht 2025 an 2029 vum Ausseministère gefërdert. D’Projeten an deem Kader ginn an 18 Länner ëmgesat, dorënner Bolivien, Burkina Faso, El Salvador, Ecuador, Guatemala, Honduras, Indien, Kambodscha, Mali, Nepal, Niger, Palästina, Peru, Philippinnen, Senegal, Cap Vert an Togo.
Alles an allem investéiert de Staat gutt 12 Milliounen Euro iwwer véier Joer. D‘Projeten, déi domat finanzéiert ginn, sinn an 18 verschiddene Länner.
De Kooperatiounsminister huet un d’Wichtegkeet vun den ONGen erënnert, “déi 15% vun der ëffentlecher Entwécklungshëllef vu Lëtzebuerg ëmsetzen an dacks a Länner schaffen, an deene Lëtzebuerg keng diplomatesch Vertriedung huet an déi gläichzäiteg der Lëtzebuerger Gesellschaft d’Méiglechkeet bidden, sech fir d’Verdeedegung vun de Mënscherechter an der Welt z’engagéieren”.
Link: Dat ganzt Schreiwes vum Aussen- a Kooperatiounsministère fannt Dir hei.