
An der Lonkecher Strooss zu Rodange ware géint 17.09 Auer zwee Autoen aneneegerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Bal zäitgläich ass um CR176 tëschent Rodange an dem Roudenhaff e Chauffer blesséiert ginn, dee géint e Bam gerannt war.
Kuerz duerno gouf et dann eng weider Kollisioun tëschent zwee Gefierer mat direkt véier Blesséierten. Dat géint 17.46 Auer um CR141 tëschent Mompech an Uesweller. D’Rettungsekippe vun Iechternach, Mompech, Rouspert, Mäertert, Jonglënster an eng Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.
Owes dann um 20.15 Auer war et dunn e weideren Accident mat zwee Gefierer, bei deem direkt fënnef Persoune blesséiert goufen. Dat um CR160 tëschent Suuftgen an Diddeleng. Zwou Ambulanzen aus der Stad hu missen ausrécken, sou wéi och d’Secouriste vu Beetebuerg, Diddeleng, Schëffleng a Suessem-Déifferdeng.
An der Nuecht op Freideg war et um 2.46 Auer dunn en Accident mat engem Gefier an der Gäichel, bei deem eng Persoun blesséiert gouf.