
An Däitschland wëll d’Unioun jo d’Grenze permanent kontrolléieren, Lëtzebuerg wiert sech weider vehement dogéint.
En Donneschdeg waren d’EU-Inneministeren zu Warschau beieneen.
De Lëtzebuerger Minister Léon Gloden sot do der Noriichtenagence dpa no: “Mir si géint Kontrollen un den interne Grenze vun der EU”. Wann Däitschland eng Verlängerung vun den aktuelle Kontrolle freet, wäert de Grand-Duché Recours bei der EU-Kommissioun maachen. D’Kommissioun kéint iwwerpréiwen, ob se eppes géint déi däitsch Moossnamen ënnerhëlt.
Lëtzebuerg huet all Dag 250.000 Frontalieren, déi aus Däitschland, Frankräich an der Belsch schaffe kommen, sou de Minister Gloden. Kontrollen un de Bannegrenze wären net déi richteg Léisung.
Och Spuenien huet bei der Reunioun vun den EU-Inneministere gewarnt, datt Grenzkontrolle just d’Ausnam dierfte sinn.