12 Méint Prisong mat integralem Sursis a 36 Méint Fuerverbuet ausser fir op d’Aarbecht. Dëst Urteel gouf e Freidegmoie géint e jonke Mann um Geriicht zu Dikrech gesprach, deen den 1. Mee 2023 um 3.30 Auer moies tëscht Ell an Uewerkolpech e jonke Familljepapp iwwerrannt huet, deen op engem Feldwee um Buedem louch.
Souwuel d‘Affer, wéi och den Ugekloten haten no engem Bal zu Ell ze vill gedronk. Um Feldwee, wou et zum Accident komm war, huet iwwerdeems e Fuerverbuet gegollt, mat Ausnam fir Leit, déi do wunnen.
Obwuel e Freiden de Moien um Geriicht eng Matresponsabilitéit um Accident vum Affer festgehale gouf, war den Affekot vum Ugekloten, den Daniel Baulisch net zefridde mam Urteel an huet ugekënnegt, wuel an Appell ze goen. “Wann déi total Responsabilitéit um Chauffeur hänke bliwwe wier, dat wier eng richteg Katastroph”, huet den Daniel Baulisch gemengt. Dass 2/3 fir de Chauffeur zréckbehale gouf, fënnt hien och nach iwwerdriwwen héich. Schliisslech hätt e Foussgänger net op der Strooss ze leien.
De Marc Walch, Affekot vum Affer, sot dogéint, dass een op den éischte Bléck kéint mam Urteel liewen. Hie misst et awer nach eng Kéier duerchliesen, a sech mat senger Cliente beroden. “Et schockéiert mech elo net onbedéngt, dass e Partage gesprach ginn ass. Ech sinn net frou driwwer. Mee vun Ufank u war ëmmer e Partage an der Loft”, sot de Marc Walch nom Urteelssproch. Et hätt een dat gären evitéiert, mee et wier een awer net erféiert, dass d’Urteel dat zréckbehalen hätt.
D’Satisfaktioun wier elo, dass gutt annerhallef Joer no de Faiten d’Saach an éischter Instanz gesprach wier. Egal wéi héich de Schuedenersatz ass, géing dat der Famill d’Affer net erëmbréngen. Mee esoulaang keen definitiivt Urteel hätt, wier et fir d’Leit immens schwéier, hir Trauer ze bewältegen.
De Parquet hat zwee Joer Prisong an e Fuerverbuet vu fënnef Joer wéinst dem onfräiwëllegen Doudschlag gefuerdert.