Bilan vun der Asyl- an Immigratiounspolitik650 Persoune méi an d'ONA-Strukture erakomm, wéi erausgaange sinn

Diana Hoffmann
Jeannot Ries
De Minister vun der Immigratioun Léon Gloden (CSV) an de Minister vum Accueil Max Hahn (DP) hunn de Bilan vun zejoert presentéiert.
650 Persoune méi an d'ONA-Strukture erakomm, wéi erausgaange sinn
De Minister vun der Immigratioun Léon Gloden (CSV) an de Minister vum Accueil Max Hahn (DP) hunn de Bilan vun zejoert presentéiert.

Lëtzebuerg war 2023 dat fënneft Land an Europa, wat d’Demande no internationaler Protektioun ugeet, wann een d’Pro-Kapp-Ratio vun der Populatioun kuckt. Et wier een nach ëmmer an enger schwiereger Situatioun, déi sech nach weider verschäerft hätt, sot de Accueilsminister Max Hahn op enger Pressekonferenz iwwert de Bilan vun den Zuelen aus der Asyl-. Migratiouns- an Accueilspolitik. 70 Prozent vun de Refugiéeë kriten dann de Statut als Refugiée, 30 Prozent ginn deemno ofgewisen.

Zejoert goufen 1.018 Decisioune geholl, wat den internationale Schutz concernéiert. Dëst ass de Chifferen no e Plus vu 6 Prozent par Rapport zu 2023. 2.018 Demandë wieren da gestallt ginn, wat e Minus vun 18 Prozent ass. Refuse goufen et da 502 e Plus vu 26 Prozent. 2023 goufen et nämlech 402 Refusen. 438 Persoune sinn zréck an hiert Hierkonftsland gaangen. E Plus vu 56 Prozent par Rapport zu 2023. Dovunner wieren 308 fräiwëlleg Retoure gewiescht.

Zum 1. Dezember 2024 haten dann 3.873 Leit de Statut fir temporäre Schutz, huet de Léon Gloden erkläert. Dat wieren natierlech Majoritär Ukrainer. Am meeschte kruten dann d’Syrer de Statut vum Refugiée accordéiert (370), dono Eritreeër (216) an Afghanen (83). Soss géingen awer och vill Venezuelaner eng Demande stellen, ma dës géinge quasi zu 100 Prozent ofgeleent ginn. Si kéimen nämlech majoritär aus wirtschaftleche Grënn. Och an dësem Kontext misst déi europäesch Visapolitik iwwerduecht ginn, fënnt de Léon Gloden. Venezuelaner kéinten nämlech ouni Visa areesen, a géingen dann eng Demande op Asyl hei am Land stellen.

Anescht wéi aner Länner an der Europäescher Unioun hätt Lëtzebuerg ëmmer weider Efforte gemaach, fir Better fir Leit, déi internationale Schutz froen, bäizekréien, sot de Max Hahn. Hei am Land géingen et den Ament 8.200 Better ginn. Ëmmer méi Leit kéimen dann an de Reseau vun de Strukture vum Office national de l’acceuil (ONA) eran. 2021 waren et 2.100 Leit, 2022 waren et 7.200, 2023 dann 3.900 an zejoert 2.800. Erausgaange wieren dogéint awer just 2.150 huet den Accueilsminister erkläert. Heescht e Surplus vu 650 Mënschen an de Strukturen. Iwwer 12 Méint gekuckt wier et e Surplus vun 53 Leit de Mount, déi méi erakommen. Zejoert sinn awer just 400 Better méi an de Gemenge bäi komm. “Ech war mam Pilgerstab ënnerwee an d’Schäfferéit”, sot de Max Hahn. Dat, fir ze kucken, wéi ee ka méi Better an de Gemenge bereet stellen. Wa méiglech och temporär. Hie fuerdert awer och Léisungen op europäeschem Niveau, well Lëtzebuerg eleng dat op Dauer net kéint packen.

Eng weider Realitéit wier, dass een nieft den Demandeur de protection internationale (DPI) an deene Mënsche mat engem temporäre Statut vill Leit an de Strukture wieren, déi de Statut vum Refugiée eigentlech hunn. An den ONA-Strukture géingen dëst 2.300 Persounen ausmaachen. 1.500 wiere schonn iwwert ee Joer an de Strukturen. Hei géing dru geschafft ginn, dës Lëscht ofzeschafen.

Doriwwer eraus wéilt een och weider Efforte maachen, fir d’Demandeur de Protection internationale méiglech séier an d’Aarbecht ze kréien, huet de Léon Gloden betount. No sechs Méint wier dat antëscht méiglech. Hätt een 2022 just 70 Refugiéeë gehat, deenen dat gelongen ass, wieren et 2023 139 gewiescht an zejoert 371. An Zukunft wéilt een och den Jobdag zesumme mam Aarbechtsminister weiderzedreiwen, fir ze kucken zum Beispill DPIen an den Horeca-Beräich ze kréien, wou Leit feelen, a se prett maachen, fir wa se de Statut hunn, sou de Max Hahn.

Lëtzebuerg wéi och Europa brauch déi legal Immigratioun. Mir hunn e Manktem un Aarbechtskräften. Mir hunn an der Groussregioun an an anere Länner praktesch alles ofgegraast”, esou de Léon Gloden. Dofir bräicht ee Leit, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, an d’Konditioune dofir wieren dofir och vereinfacht ginn.

Weider ervirgehuewe gouf nach déi nei Maison de retour, déi et zanter 2024 gëtt, wou Leit, déi fräiwëlleg wëllen an hiert Hierkonftsland zréckgoen, gehollef kréien. Dës ass an der aler SHUK (Structure d’hébergement d’urgence au Kirchberg). D’Leit kréien hei souwuel finanziell wéi och psychologesch Hëllef, a gehollef, an hirem Hierkonftsland e Projet opzebauen. 170 Plaze ginn et do. Am Schnëtt wieren tëscht 50 a 70 Plaze besat.

Béid Minister hunn da betount, dass ee wéilt eng raisonnabel Asyl- a Migratiounspolitik mat Häerz a Verstand maachen. Déi géing op enger Gläichbehandlung vu jidderengem berouen. All Dossier géing eenzel gekuckt ginn a kee virgezu ginn.

Bilan Flüchtlingen / Reportage Diana Hoffamnn

LINK: D’Schreiwes mat allen Detailer um Site vum Familljeministère

Back to Top
CIM LOGO