
Dat ass lo fir den Check Inn um Findel de Fall. Fir dëst Etablissement, dat iwwer Joerzéngten Bistro, Restaurant a Keller-Disko, gëtt no der Faillite e Repreneur gesicht.
De Präis fir d’Lokal ze lounen ass op eng 11.000 Euro de Mount festgesat. Wéi et an der Online-Annonce heescht, wier den Interieur vum Betrib eréischt viru Kuerzem frësch gemaach ginn.
Den Check Inn soll deemno, wann eng Reprise klappt, weider als Lokal an der Stater Peripherie erhale bleiwen.