Net-Bio-Liewensmëttel, déi zu Lëtzebuerg verkaf ginn, si vill méi staark mat Pestizide belaascht wéi Bio-Liewensmëttel. Dat huet d’Ëmweltorganisatioun Mouvement Ecologique op enger Pressekonferenz ënnerstrach. 45,9 % vun de konventionelle Liewensmëttel, déi een zu Lëtzebuerg am Buttek kafe kann, wiere mat Pestizide belaascht. Bei de Bio-Produite wieren et 12,6 % an der EU.
Liewensmëttel, déi zu Lëtzebuerg verkaf ginn, wieren zum Deel och duerch Pestizide belaascht, déi an der EU guer net zougelooss sinn. Déi dierften nämlech weider hei produzéiert an exportéiert ginn, esou de Roger Dammé, Sekretär vum Verwaltungsrot vum Mouvement Écologique. A se wieren dann och bei Produiten ze fannen, déi heihin importéiert ginn.
“Do gesäit en, datt ronn e Véierel vun de konventionelle Produiten, déi hei am Land entweder am Supermarché ugebuede ginn oder bei Prouwen, déi beim Import gemaach gi sinn, datt déi belaascht si mat Pestiziden, déi hei an der EU guer net däerfen agesat ginn.”
Bei de Bio-Produite wieren et och nach 8%. Pestiziden, déi an der EU net erlaabt sinn, dierften och net méi exportéiert ginn a Liewensmëttel, déi domat belaascht sinn, net importéiert ginn, fuerdert de Mouvement Ecologique. Lëtzebuerg misst sech op EU-Niveau iwwerdeems fir de Verzicht op Pestiziden asetzen.
Uebst a Geméis, dat hei verkaf gëtt, wier méi staark belaascht wéi am Recht vun der EU. Et géing een do Resultater gesinn, déi zimmlech bedenklech wieren, esou d’Claire Wolff vum Mouveco.
“Dat ass nämlech, datt vu verschiddene Liewensmëttel all Prouwen, ouni Ausnam, ëmmer mat Réckstänn belaascht sinn. Dat wieren zum Beispill Päerdsbier, Molbier, Granatäppel, Mirabellen, Orangen a Péiterséileg. Also aus konventioneller Produktioun kann een do sécher sinn, datt se ni fräi vu Pestizide sinn.”
Och Äppel an Äerdbieren aus konventioneller Produktioun wiere staark belaascht. D’Liewensmëttel ofwäsche géing och net onbedéngt duergoen, well net all Pestizide kéinten ofgewäsch ginn.
Uebst a Geméis aus Zäre wiere besonnesch staark belaascht. Dofir fuerdert d’Ëmweltorganisatioun, datt bei der Ënnerstëtzung vun Zären zu Lëtzebuerg Krittäre mussen agefouert ginn, esou hir Presidentin Blanche Weber, “well do och nach aner Pestizide kënnen agesat ginn. Mir verstinn net, wat de Ministère verhënnert, fir do Ubaukrittären dranzesetzen.”
De Mouvement Ecologique baséiert sech bei senger Etüd op Donnéeë vun der Veterinär- a Liewensmëttelsinspektioun vun 2022, déi déi aktuellste wieren. De Mouveco bedauert, datt d’ALVA déi Donnéeë selwer net méi am Detail opgeschafft huet. D’Verwaltung misst d’Leit besser iwwert d’Pestizidebelaaschtung bei Liewensmëttel opklären. D’Regierung wier och gefuerdert, esou d’Mouveco-Presidentin Blanche Weber.
“Dës Analyse sinn absolut grottekloer, Bio ass d’Zukunft, Bio ass, ze soen, bal pestizidfräi, grad déi zu Lëtzebuerg produzéiert Produite komme super ewech an esou fern muss de Staat definitiv elo alles maachen, fir de Bio ze pushen. Mir erreechen eis Ziler, déi mer eis am Aktiounsplang Bio gesat hunn, net. Dat ass kloer. Desto méi muss ee lo schwätze mam neien Aktiounsplang, dee lo kënnt, u wat louch et, wéi kënne mer wierklech elo urappen an zouleeën, dass mer reell de Bio pushen, wéinst der Gesondheet vun de Leit.”
Wann d’Bio-Produktioun politesch méi gefërdert géing ginn, kéinten déi Produiten och méi bëlleg ginn. De Staat misst och an den ëffentleche Kantinnen op Bio setzt, sou wéi dat an de Schoule schonn de Fall wier. Besonnesch wichteg wier dat a Spideeler an Altersheemer.
Esou wuel d’Alva wéi och d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hunn déi Constate vun der Ëmweltorganisatioun relativéiert.
De Patrick Hau, Directeur adjoint vun ALVA betount am Interview, et kéint een an dëse Fäll net vu “Belaaschtung” duerch Pestizide schwätzen. Villméi wier et eng Grenz, wou esou Planzeschutzmëttel noweisbar wieren.
“Et ass esou, dass eng ganz Rëtsch Kulturen net ouni Planzeschutzmëttel kënne gemaach ginn. Dann ass et esou, dass et eng Noweisgrenz gëtt, ganz niddreg, an dann hu mir eng Grenz, déi reglementéiert gëtt, d’ MRL (Maximum Residue Level), deen ass europäesch festgeluecht (…). Wa mir weider eropginn, da komme mir bei eng Dose journalière acceptable. Do fänkt et un e Risiko ze ginn, wann nee géif all Dag e Liewesmëttel consomméiere mat där Kontaminatioun. Doriwwer kënnt eng akut Referenzdosis, do kann et sinn, dass ee gesondheetlech Schied huet, wann een et eng Kéier consomméiert. An doriwwer gëtt et eng letal Dosis , wann een déi kritt, ass een dout. A mir sinn hei wierklech ganz ganz ënne bei der Noweisgrenz”.
Eng 3 Prozent vun de Prouwe léichen iwwert der europäescher Grenz, an déi géing een och vum Maart huelen. Et hätt een vun all den 600 ënnersichten Echantillonen 2-3 Fäll gehat, wou eng Gefor fir de Konsument bestanen huet. Déi hätt een dann och vum Marché geholl.
Op EU-Niveau géif ee sech och virun dofir asetzen, dass chemesch Planzeschutzmëttel reduzéiert ginn, esou d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Dass Lëtzebuerg elo nach méi wéi déi virgesinne Moyenen an d’Biolandwirtschaft géif investéieren, gesäit si fir de Moment awer net.