Demande no Stol zitt unArcelorMittal investéiert bal eng Milliard Dollar an den USA

RTL Lëtzebuerg
De Betrib annoncéiert fir zejoert e Resultat, wat zwar erof geet, awer net vill.
© Domingos Oliveira / RTL

De Lëtzebuerger Stolgigant notéiert e Benefice viru Steieren vu 7,1 Milliarden Dollar. 2023 stoungen op där Plaz 8,7 Milliarden.

Dat operationellt Resultat louch iwwerdeems mat 3,3 Milliarden ronn eng Milliard iwwert deem vun 2023. D’lescht Joer gouf et en Netto-Benefice vun 1,34 Milliarden, wat e Krack méi ass wéi virzejoert. Parallel annoncéiert de Grupp grouss Investissementer, allerdéngs net an Europa, mä an den USA.

Bal eng Milliard hëlt ArcelorMittal an de Grapp fir en elektrescht Stolwierk am Alabama ze bauen. Generell gesi zeechent de Grupp positiv Perspektiven fir d’neit Joer. D’Demande no Stol dierft nees unzéien.

Back to Top
CIM LOGO