Dofir huet de Chamberpresident d‘Parteie gefrot, wat si dann um aktuelle Walsystem wéilte veränneren. Déi Äntwerte sinn elo do a mir vergläichen d‘Positioune vun de Parteien op e puer Haaptpunkten.
D‘Majoritéitsparteie halen aktuell net vill dovun, déi véier Walbezierker ofzeschafen. D‘CSV fënnt, datt een doriwwer jo am Kader vun der Verfassungsreform diskutéiert hätt an een déi Debatt elo net schonn erëm sollt féieren. Fir d‘DP suergen déi véier Bezierker dofir, datt Leit aus allen Ecker vum Land an der Chamber vertruede sinn, wéi den DP-Fraktiounschef Gilles Baum erkläert.
“Déi véier Bezierker si wichteg, well mir der Meenung sinn, datt effektiv all d‘Regioune vum Land solle representéiert ginn. Mir wëssen, datt de Süden an den Zentrum vill méi Awunner hunn, dat heescht och vill méi elektoraalt Gewiicht hunn. Mir gesinn de Risiko, datt wa mir just eng Circonscriptioun hätten, datt d‘Leit aus dem Norde respektiv aus dem Osten et ganz schwéier hätten, fir nach eng Kéier an d‘Chamber gewielt ze ginn. Et ass eis wichteg, datt och déi Regiounen alleguerte mat hiren Interessen an der Chamber vertruede sinn.”
Déi Meenung vertrëtt och d‘Adr.
Déi Lénk loossen dat Argument allerdéngs net gëllen. Déi regional Ënnerscheeder, déi et vläicht virun 100 Joer nach gouf, géif et haut guer net méi ginn, fënnt den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum.
“D‘Ënnerscheeder tëscht Iechternach, Wolz a Miersch, déi theoretesch an 3 verschiddene Circonscriptioune leien, sinn entre temps esou kleng, datt een de Sënn net méi agesäit, firwat dat verschidde Circonscriptioune sinn.“
D’LSAP, déi gréng an déi Lénk stéiere sech dorun, datt an dësem System eng Stëmm aus engem klenge Bezierk manner wäert ass, wéi déi aus enger grousser Circonscriptioun.
“D‘Leit sinn haut vill méi mobil wéi fréier. D‘Recht, wielen ze goen, ass e ganz fundamentaalt politescht Grondrecht an dat muss der LSAP no ganz kloer dat selwecht si fir all Wieler, dee wiele geet. Dat ass am Moment net de Fall, deemno wou ee wunnt, a wéi engem Bezierk, huet een en anere Poids mat senger Stëmm an dat ass eppes, dat eigentlech an enger moderner Demokratie net däerft sinn”, esou d‘LSAP-Deputéiert Paulette Lenert.
Och d‘Pirate monéieren, datt den Osten an den Norden aktuell an der Chamber ënnerrepresentéiert wieren.
D’LSAP, déi gréng an d‘Adr sinn dofir, datt d‘Zuel vun den Deputéierten net sollt op 60 begrenzt sinn. D‘Chamber misst d‘Gesellschaft representéieren a sech notamment un déi demographesch Entwécklung upassen. D‘CSV gesäit kee Besoin fir d‘Zuel vun den Deputéierten eropzesetzen, erkläert den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach.
“Mir hunn dat eng Kéier ausgerechent. Dat ass elo net extreem disproportionéiert. Par rapport zu der Bevëlkerung, déi an deenen eenzele Bezierker lieft, drängt et sech elo net op, déi Verdeelung nei ze berechnen.“
Fir an Zukunft awer z‘evitéieren, datt ze vill kleng Parteien an der Chamber vertruede sinn, sinn d‘LSAP an d‘Adr dofir, eng Mindestgrenz u Stëmmen anzeféieren, déi eng Partei muss kréien, fir iwwerhaapt kënnen an d‘Chamber ze kommen.

Kann ee Buergermeeschter oder Buergermeeschtesch vun enger Gemeng an Deputéierten oder Deputéiert an der Chamber sinn a béid Aufgaben anstänneg erfëllen? D’LSAP, déi gréng, déi lénk, d‘Adr an d‘Pirate fannen net. Si si kloer dogéint, datt eng Persoun, déi un der Spëtzt vun enger Gemeng steet, gläichzäiteg Deputéiert an der Chamber soll sinn. E Buergermeeschterposten an en Deputéiertemandat gläichzäiteg uerdentlech auszefëllen, ass der grénger Deputéiert Sam Tanson no net realistesch.
“Mir hätte gäre staark Buergermeeschteren a mir hätten och gäre staark Deputéierten an dofir si mir der Meenung, datt mir dat sollten trennen. Wa mir op de Wee gi vun engem Vollzäit-Deputéierten, dat sinn da 40 Stonnen Congé politique. Dann hätt een am Fong eng Tâche vun 80 Stonnen d‘Woch, dat ass an eisen Aen net realistesch. Mir sinn der Meenung, fir eng Stäerkung vun eisen demokrateschen Institutiounen, esouwuel op Gemengen-Niveau wéi och um Chamber-Niveau, wier eng Trennung vun deenen zwou Funktiounen extreem wichteg.”
Fir e Marc Baum vun déi Lénk stellt sech hei och d‘Fro vun der Gewaltentrennung an dem Risiko vun Interessekonflikter.
“D’exekutiv Mandater an de Gemengen, also de Buergermeeschter an de Schäfferot, sollen opgewäert ginn. Dat solle Leit sinn, déi dat och seriö maache kënnen an och d‘Moyenen hunn, fir dat ze maachen. An op där anerer Säit sollte mir eng Chamber hunn, déi sech ganz kéint op hir parlamentaresch Aarbecht konzentréieren.“
Donieft misst evitéiert ginn, datt Buergermeeschteren hiert Mandat als Deputéiert kënne mëssbrauchen, fir d‘Interessie vun hirer Gemeng duerchzesetzen. An ëmgedréint sollte Schäffen a Buergermeeschter hiert Mandat als Deputéiert net kënne mëssbrauchen, fir verschidde Saachen um Gemengen-Niveau duerchzesetzen, fuerderen déi Lénk.
D‘DP léisst déi Fro oppen. Et sollt ee fir d‘éischt emol eng grouss Diskussioun doriwwer féieren an dann e méiglechst breede gemeinsamen Nenner fannen. D‘CSV, déi 2018 ënnert bestëmmte Konditiounen nach géint e Cumul vu Mandater plädéiert huet, äussert sech haut net méi wierklech zu deem Theema. An hiren Ae misste fir d‘éischt eng Rei aner Froen zum Statut vun engem Deputéierte gekläert ginn, ier een d‘Optioun vum Cumul ofschaaft, esou den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach.
“Dozou gehéiert de Congé politique, dozou gehéieren d‘Obligatiounen, d‘Rechter, d‘Flichten, d‘Sécurité sociale. Datt een all déi Saache mol eng Kéier uerdentlech kläert an engem Gesetzestext, wéi et bis elo nach net de Fall ass.“
D’LSAP an déi Gréng sinn och dofir, datt e klore Kader geschaaft gëtt, fir de Fall, datt en Deputéierte seng parlamentaresch Aarbecht eng méi laang Zäit net ka maachen.
Virun 10 Joer gouf et e Referendum dozou, ob Jonker vu 16 Joer un an Auslänner zu Lëtzebuerg sollen dierfe wielen oder net. Deemools war d‘Äntwert Nee. Antëscht ass d‘Situatioun, datt d‘Chamber nëmme vun engem Deel vun der Populatioun gewielt gëtt, awer nach méi akut ginn. Eleng dofir ass et fir déi Gréng, d‘LSAP an déi Lénk op d‘mannst un der Zäit, déi Diskussioun nach eng Kéier ze féieren.
Wann esou vill Leit an engem Land kee Walrecht hunn, wier dat e Probleem fir d‘Gesellschaft, fënnt déi gréng Deputéiert Sam Tanson.
“Wann ee sech e bësse mat der Geschicht beschäftegt, da weess een, datt et déi Situatioun, wéi mir se elo kennen, schonn eng Kéier virun iwwer 100 Joer gouf, wou nëmmen en Deel vun der Bevëlkerung huet dierfe wiele goen. Dat ass dunn 1919 mat allgemenge Walrecht aus der Welt geschaaft ginn. A mëttlerweil si mir erëm an esou enger Situatioun, wou mol net d‘Majoritéit vun den Awunner hei am Land vum Walrecht profitéiere kënnen.“
D‘LSAP-Deputéiert Paulette Lenert betount, wéi besonnesch d‘Situatioun zu Lëtzebuerg ass. Grad d‘Pandemie hätt gewisen, wéi ofhängeg mir dovu sinn, datt Leit aus dem Ausland heihi liewen a schaffe kommen.
“Mir sinn dofir, datt wa Leit sech hei abruecht hunn, sech integréiert hunn, wa se eng länger Zäit hei wunnen, wa se schonn eng Kéier a Gemengewale waren, datt se och solle kënne mat wiele goen. Si droen hei zu eisem Räichtum bäi an an deem Sënn solle si och kënne mat decidéieren, wat am Land ass.”
Dat soll awer alles fir d‘éischt Mol diskutéiert an eventuell och nach eng Kéier per Referendum decidéiert ginn.
D‘Adr ass dogéint. D’DP schreift dozou näischt. D’CSV gesäit esou kuerz no der Verfassungsreform aktuell kee Besoin, déi Fro nach eng Kéier ze diskutéieren.
D’DP äussert sech och net dozou, ob ee scho soll kënne mat 16 Joer wiele goen. Fir d’CSV ass dat e weidere Sujet, dee mat der Verfassungsreform gekläert gouf.
Der LSAP no sollt ee sech do e Beispill un enger Rei Nopeschlänner huelen, déi d‘Méiglechkeet fir Jonker vu 16 Joer un agefouert hunn, fir dierfe wielen ze goen. Deen Ament misst natierlech och dofir gesuergt ginn, datt Jugendlecher an der Schoul dorobber virbereet ginn. Dat ginn ënnert anerem och déi Gréng ze bedenken. Déi Lénk proposéieren zum Beispill um Gemengen-Niveau domat unzefänken, ier een et dann op nationalem Niveau aféiert. De Marc Baum:
“Mat 16 kann ee sou vill aner Saache maachen. Mat 16 kann een an d‘Militär antrieden. Mat 16 kann ee verschidde Fürerschäiner maachen. Mat 16 kann ee schaffe goen, et kann ee Steiere bezuelen. Ech mengen, datt e Mënsch, dee Steiere bezilt, och d‘Recht huet, wielen dierfen ze goen.”
Queesch duerch d‘Parteien ass ee sech, wéi et schéngt, eens, datt déi sougenannt Incompatibilitéiten nach eng Kéier mussen op de Leescht geholl ginn. Dozou gehéiert, datt verschidde Beruffsgruppen ausgeschloss sinn oder datt nëmmen ee Member vun enger Koppel sech ka bei Walen opstellen.
Der DP an der Adr ass et wichteg, datt de System vum Panachage, also datt ee Leit vu verschiddene Lëschte ka wielen, bäibehale gëtt.
Quasi all d‘Parteie schwätze sech dofir aus, datt Wielen zu Lëtzebuerg eng Flicht bleift. Datt awer ëmmer méi Leit net wiele ginn, gëtt der LSAP ze denken. Si proposéiert, dee Phenomen méi am Detail ze kucken an dann éischter mat Motivatioun wéi mat Strofen ze probéieren, dat ze änneren. Déi gréng sinn der Meenung, datt d‘Strofe musse vereinfacht ginn, wann een net wiele geet. D‘Pirate proposéiere Sozialstonnen, wann ee refuséiert, säi Kräiz ze maachen.
De Gros vun de Parteien (CSV, DP, LSAP an déi Gréng) ass dofir, de Walprozess ze moderniséieren an ze digitaliséieren. Doduerch kéint evitéiert ginn, datt esou vill ongëlteg Walziedelen ofgi ginn an d‘Ausziele kéint méi séier gemaach ginn. Dat kéint och d‘Wielen à distance vereinfachen.