Méi wéi d'Hallschent vun de gefrote Leit soten an engem Sondage vu QUEST, datt si e schlecht Versteesdemech a Wëssen iwwert de Pensiounssystem hunn.

Sou soten 52% vun de gefroten Awunner, datt si schlecht oder ganz schlecht iwwert dës Modalitéiten am Bild sinn.

Dräi vu véier gefrote Leit soten awer am Sondage, datt se dervun héieren hunn, datt et den Ament eng Debatt iwwert eng Pensiounsreform gëtt. 66% soten dann och, datt se géife mengen, datt eng Reform vum System néideg wier. Nëmmen 22% vun de Leit soen, datt d'Regierung déi meescht Kredibilitéit huet, fir dës Reformen ze proposéieren. 30% zéien do d'Experte vun de kompetente Verwaltunge fir.

Bei der Fro no de Reformpiste sote 54% vun de gefrote Leit, datt si dofir wieren, datt déi déckst Pensioune gedeckelt ginn, fir sou eng Moderatioun an de System ze kréien.

Nëmmen 41% vun de gefrote Leit wëssen, wéi vill se all Mount an hir Pensiounskeess cotiséieren an nëmmen ee vu fënnef Leit schéngen am Sondage ze wëssen, datt hir perséinlech Cotisatioun nëmmen en Drëttel vun de Bäiträg duerstellt, déi fir hir eege Pensioun geholl ginn.
 
Fir de QUEST-Sondage waren eng 600 Leit gefrot ginn.