De Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ka sech mam Ausland moossen, esou déi aktuell Generaldirektesch vum FNR, d'Dr. Andreea Monnat.

De Grand-Duché huet sech bannent 25 Joer zu engem klengen, awer wichtege Fuerschungszenter entwéckelt. A ville Beräicher hätt een eng Excellenz an et kéint een duerchaus mam Ausland a Konkurrenz trieden.

De Fonds National de la Recherche hätt an all deene Joren dozou bäigedroen, dass een haut do ass, wou een elo ass. A 4.400 Projete gouf insgesamt ronn eng Milliard Euro investéiert, esou d’Dr. Andreea Monnat.

"Lëtzebuerg huet vill ze bidden"

Als ee konkret Beispill nennt déi geléiert Informatikerin:

"Ein großer Meilenstein ist das Parkinson-Netzwerk Luxemburg. Wir haben auch dieses Projekt finanziert und da haben wir Forschung und Patientenbetreuung zusammengebracht und das ist tatsächlich weltweit bekannt inzwischen und international sehr anerkannt."

Den Dr. Krüger am Juli 2023 am Interview
De Belval huet sech an de leschte Joren zu engem Zenter fir d'Fuerschung zu Neuro-Degenerativen Krankheeten, wéi Alzheimer oder Parkinson, entwéckelt.

Lëtzebuerg hätt vill ze bidden. Et hätt ee vill gutt Fuerscherinnen a Fuerscher duerch interessant Programmer am Land.

Et géifen net einfach Sue verdeelt ginn

Mëttlerweil huet den FNR méi Projeten, déi de Krittären entspriechen, fir e Finanzement ze kréien, wéi Budget fir Etuden a Programmer. Fir e Projet finanzéiert ze kréien, muss eng Demande gemaach ginn a verschidde Krittären erfëllt sinn:

"Unsere Grundlage sind die vier Werte Transparenz, Vertraulichkeit, Unparteilichkeit und Integrität. Und das heißt, dass diese Werte garantieren, dass wir fair und objektiv bleiben. Das heißt, wir suchen Projekte aus, die wirklich exzellent sind und die Forscher hier in Luxemburg, internationale Partner, wissen, dass wir immer fair und objektiv bleiben. Und dass wir wirklich die besten Projekte aussuchen."

Wisou brauch et ëffentlech Fuerschung?

Et hätt ee net méi genuch finanziell Mëttel, fir all d'Projeten déi gutt genuch sinn ze finanzéieren. Dat wier awer positiv a géif fir d'Qualitéit vun der Lëtzebuerger Fuerschung schwätzen.

"Das heisst, die Forschungslandschaft ist gewachsen, die Projekte werden immer besser. Die Forscher werden immer besser und somit die Forschung und der Impakt auf unsere Gesellschaft."

Duerch Fuerschung, déi zum groussen Deel mat Steiersue bezuelt gëtt, kéinten nei Technologien entwéckelt ginn. Privat finanzéiert Fuerschung kéint dat net esou geziilt maachen, do wieren dacks finanziell Iwwerleeungen hannendrun, erkläert d'Dr. Andreea Monnat am Interview.

Kënschtlech Intelligenz ass Chance an Erausfuerderung

Bei der Fro vum Impakt vun der Kënschtlecher Intelligenz op d’Fuerschung huet d’Wëssenschaftlerin hir perséinlech Meenung gesot. D’Andreea Monnat ass studéiert Informatikerin an huet promouvéiert.

Et wäert en Impakt hunn op d’Fuerschung am Grousse Ganzen, awer och op d’Fuerschungsmethoden, also wéi de Fuerscher an Zukunft schafft. Wéi séier elo alles ännert, wier schwéier virauszesoen:

"Ich denke, es ist wichtig, dass wir dafür bereit sind, solche Chancen zu erkennen und solche Herausforderungen anzunehmen. Es wird einen Impakt haben, aber es ist schwer zu quantifizieren."

Eent wier awer kloer: D’Kënschtlech Intelligenz wäert alles veränneren.

25 Joer Fonds National de la Recherche

De Fonds National de la Recherche krut elo 25 Joer. Nieft de ville konkrete Projeten déi ee finanzéiert huet, hätt een och vill an d’Wëssenschaftskommunikatioun investéiert.

Mat science.lu géif ee versichen, Wëssenschaft-Theme méi no bei d’Leit ze bréngen. D’Show Take-off wier e weidert Element, genee wéi Podcasten an d’Reseachers’ Day.

Jonk Mënsche fir d’Wëssenschaft ze begeeschteren, wier eng wichteg Aufgab, esou déi geléiert Informatikerin.