Staat wëll méi Jugendwunnenge bauen
Déi héich Logementspräisser treffen dacks Jonker - Studenten, Beruffsufänger oder Leit, déi nach an der Ausbildung sinn.
E Projet vum Logementsministère zesumme mam Educatiouns- a Justizministère soll lo duerfir suergen, datt méi Jonker méi fréi an hirem Liewen an eng eege Wunneng kënne plënneren.
An de leschten 10 Joer si ronn 200 nei Jugendwunnengen entstanen. Aktuell si knapp 800 där Wunnengen um Marché. Dat geet net duer, seet den zoustännege Minister Claude Meisch. Hien huet dowéinst e Mëttwoch eng nei Initiativ presentéiert, déi duerfir suerge soll, datt méi där Logementer entstinn. Elo sicht een no de passende Partner. A Fro komme Gemengen, Associatiounen oder Fondatiounen. D'Projete ginn zu gutt 75% vum Staat subventionéiert.
Wat elo de Loyer hei zu Lëtzebuerg ugeet: An de Jugendwunnenge gëtt deen ugepasst un de Revenue vun de jonke Locatairen. An der Reegel mécht de Loyer dann 10% vum Akommes aus.
Et ginn, wéi gesot schonns där Wunnengen zum Beispill an der Gemeng Monnerech. An der Uertschaft Biergem steet ee modernt Appartementsgebai, wou just Jonker dra wunnen. 18 Studioe mat knapp 20 Meterkaree sinn an der aler Spillschoul fir jonk Locatairë reservéiert. Staat a Gemeng hu sech d'Baukäschte gedeelt. De Minister Claude Meisch wënscht sech, datt dëst Beispill Schoul mécht.