
Kuerz no 19.30 Auer gouf et en éischten Accident fir d’Rettungsdéngschter vu Bartreng, Mamer an aus der Stad. Bei engem Accident an der Areler Strooss zu Stroossen goufen zwou Persoune blesséiert.
Op der N4 tëscht der Stad a Leideleng koum et iwwerdeem géint 20.18 Auer zu engem Accident mat engem Blesséierten. Am Asaz waren d’Pompjeeën aus der Stad an d’Ambulanciere vu Beetebuerg.
Ee weidere Blesséierte gouf et kuerz drop géint 20.21 Auer zu Sandweiler an der Rue Michel Rodange, wéi zwee Autoen anenee gerannt waren. D’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vu Sandweiler waren op der Plaz.
Kuerz no 21 Auer war et dann e weideren Asaz fir d’Rettungsekippe vu Bartreng, Mamer an aus der Stad. Bei enger Kollisioun op der N5 tëscht Helfent an der Gréiwelsser Barrière goufen zwee Leit blesséiert.