Beim Bau vu Wandrieder bewäert den Ëmweltministère all Demande eenzel
Brauche mer eng nei Reglementatioun, wéi d’ASBL Energie mat Verstand vu Bierden fuerdert? D’Politik verweist op den Energiedësch.
71 Wandanlage stinn haut op Lëtzebuerger Territoire, d’nächst Joer wëllt een op iwwer 90 kommen. D’Eolienne ginn ëmmer méi performant an dofir bräicht een der an Zukunft manner, fir dat selwecht u Stroumquantitéit ze produzéieren, sou d’Regierung. Si wëll deemnächst zesumme mat Spezialisten an de Gemengen op engem Energiedësch iwwer d’Erneierbar Energië schwätzen. D’Prozeduren, fir Wandrieder opzeriichten, solle vereinfacht ginn. Bis dohinner wëll kee vun den zoustännege Ministere virun d’Kamera. Op Äntwerten op hir Froen, mussen also net just d’Awunner aus de concernéierte Gemengen nach eng Partie Woche waarden
"Méi a méi séier bauen" – d’Devise vun der Regierung a Saachen Eoliennen
D’Regierung huet sech virgeholl, d’Prozeduren ze vereinfachen – dat, wéi de Premier Frieden de leschte Freideg um Regierungsrot präziséiert huet, an engem konstruktiven Dialog mat den Acteuren um Terrain a mat de Gemengen:
"Mir haten en Zil, mee mir hunn d’Zil net erreecht. An dofir wëlle mer méi, méi séier déi Anlage bauen, Equiliber fannen, a vläicht op verschidde Saache verzichten, déi mer an der Vergaangenheet gemaach hunn. Wéi dat am Detail ausgesäit – dat ass den Objet vun deem Energie-Dësch."
Op d’Fro, wat dat fir Mënsch an Natur bedeit, gëtt et weder eng Äntwert vum Luc Frieden, nach vum Energieminister Delles, deen och op de Energiedësch verweist.
Den Ëmweltministère analyséiert all Demande individuell
Wann de Kommodo sech méi op de Mënsch bezitt, ass den Ëmweltministère méi op Naturschutz, also d’Déiere fokusséiert. Konkret Virschrëften punkto Distanz zu engem Bësch oder enger Siidlung gëtt et keng – hei wier Flexibilitéit extrem wichteg.
Et misst ee sech awer kloer un Ëmwelt- respektiv Autorisatiounsprozeduren halen, dat kéint Naturschutz, Waasser oder Kommodo sinn. Am Ministère gëtt den Dossier individuell evaluéiert, erkläert d’Marianne Mousel, Premier Conseiller de Gouvernement am Ëmweltministère an da – jee no Stand - mat Oplagen autoriséiert. Duerch seng kleng Fläch misst eist Land par rapport zum Ausland aneschters gekuckt ginn. De Minister hält sech zréck, verweist op den Energiedësch
Aus dem Energieministère kënnt dann d’Informatioun, dass den Ament 71 Wandanlagen op Lëtzebuerger Territoire sinn, 20 Eoliennë kéimen d’nächst Joer dobäi.
Et wier een amgaangen, um Energiedësch ze schaffen. Dono géifen et Detailer.