
De Sonndeg de Moie gouf an en Eefamilljenhaus zu Menster agebrach an den Täter huet sech a Richtung Rued fortgemaach. D’Persoun ass ongeféier 1,70 Meter grouss, liicht bronzéiert, dënn a schwaarz ugedoen. All Informatioune si fir den 113.
Bis 14 Auer e Sonndeg huet d’Police de Verdächtegen net fonnt an an der Suite opgehale mat der Sich. Eng Enquête gouf elo lancéiert.