D'Zefriddenheet vun de Leit mat der Demokratie hëlt liicht of

© François Aulner / RTL
Am meeschte Vertrauen hunn d'Lëtzebuerger an den EU-Geriichtshaff, wéi aus der Ëmfro Polindex vun der Uni Lëtzebuerg an Ilres ervirgeet.
D'Chamber hat d'Ëmfro an Optrag ginn. 68% vun de ronn 1.500 Befrote soten, se hätte Vertrauen. 2004 louch deen Taux nach bei iwwer 90%, mee wärend de Referendum-Joren 2005 an 2015 louch en däitlech ënnert dem aktuelle Niveau.
Am meeschte Vertrauen hätten d'Lëtzebuerger an den EU-Geriichtshaff, d'Arméi an an d'Chamber. D'Auslänner hätte méi Vertrauen an d'Regierung. Am niddregste wier d'Vertrauen bei wäitem an d'Online-Reseauen. D'Parteien, d'Tëlee an dann d'Presse schneiden och net gutt of.
Opgefall wier, datt vill Jonker – net d'Majoritéit – bei der Fro, ob d'Demokratie de beschte System ass, net direkt "Jo" geäntwert hätten. Dat huet de Chamberpresident Claude Wiseler bedenklech fonnt. Hie geséich dat ewéi en "Appell" fir, datt d'Chamber sech méi mat de reelle Suerge vun de Leit beschäftegt. Hie sot awer och, datt d'Ëmfro nach méi verdéift misst virugefouert ginn.
Als Haaptproblemer hätten d'Leit de Logement an ekonomesch Saachen uginn. De Grond fir de Réckgang vum Vertraue wier dem Politolog Philippe Poirier no, net op spezifesch Schwieregkeeten oder Skandaler zeréckzeféieren. Et wier e "strukturelle" Problem: zu Lëtzebuerg a vill méi am Ausland géingen ëmmer méi Leit sech vun der Politik "ofgehaange" fillen.
Aus de Resultater vun der Ëmfro geet dann awer ervir, datt de gréissten Deel vun de Lëtzebuerger, en Drëttel, uginn, se géinge sech "wuel" fillen. Just hannendru soten awer 31% se wiere "midd" an 29% hätte "mësstrauesch" uginn. Freet een d'Auslänner hei am Land sinn déi meescht mësstrauesch oder midd a just 23% géinge sech wuel fillen.
Am internationale Verglach wier den "Etat d'esprit" besser hei am Land, esou d'Resultater vun der Ëmfro.
Den Detail zum Sondage kann een um Site vun der ALIA noliesen.