"Mir si schockéiert, dass Lëtzebuerg eng europäesch Resolutioun blockéiert"

© LUIS TATO AFP
Lëtzebuerg huet als eenzegt EU-Land géint Sanktioune géint de Ruanda an d'Rebelle-Miliz M23 gestëmmt.
Mir si schockéiert dass Lëtzebuerg eng europäesch Resolutioun blockéiert, déi drop aus, fir d’Situatioun am Osten vum Kongo ze berouegen, heescht et vum Lëtzebuerger Cercle de Coopération. Eng Decisioun, mat där de Grand-Duché iwwerdeems ganz eleng do steet.
An de leschte Woche sinn am Oste vum Kongo op d’mannst 7.000 Leit bei schwéiere Kämpf ëm d’Liewe komm. Knapp dräi Millioune Leit goufen aus de Konfliktgebidder ronderëm Goma verdriwwen, wou d’Rebelle-Miliz M23 d’Soen huet. De Kongo reprochéiert dem Nopeschland Ruanda, d'Miliz ze ënnerstëtzen. E Méindeg hunn d’EU-Ausseministeren dofir zu Bréissel ënner anerem iwwer e Sanktiounspak géint Offizéier aus dem Ruanda a Memberen vun der Rebellengruppéierung M23 diskutéiert. De Grand-Duché huet als eenzege Memberstaat dës Sanktioune blockéiert. De Xavier Bettel huet des Decsioun en Dënschdegmoie virun der auslännescher Press erkläert:
"Ech si wierklech komplett fir Sanktioune géint d’M23-Miliz, mir kënnen déi och schonn huelen, dat hunn ech och gesot. Mee dës Woch lafen Negociatiounen tëscht den afrikaneschen Ausseministeren. An ech denken dass et wichteg ass, iert mer Sanktiounen géint de Ruanda huelen, dass mer d’Resultat vun do ofwaarden déi nächst 3 - 4 Deeg, fir ze kucken, ob dat an déi richteg Richtung geet. Ech betounen awer, dass mir d’accord sinn, dass nei Sanktiounen sollen geholl ginn."
Lëtzebuerg huet sech mat dëser Positioun op EU-Niveau komplett isoléiert. Dat suergt fir wéineg Versteesdemech beim Lëtzebuerger Cercle des ONG. De Responsabel fir de Plaidoyer politique Sebastian Weier erkläert:
"Mir sinn natierlech engersäits schockéiert, dass Lëtzebuerg eng europäesch Resolutioun blockéiert, déi drop ofzilt fir do ënnen d’Situatioun ze berouegen. Anerersäits musse mer soen, dass mer och net ganz iwwerrascht sinn, well eréischt d'lescht Woch an der Chamber, am Debat iwwer Kooperatiounspolitik, ass iwwer de Ruanda geschwat ginn. A schonn do hat de Minister Bettel ganz staark Problemer, eng kloer Positioun ze bezéien an huet sech ganz staark dogéint gewiert, dass Lëtzebuerg eng staark Positioun géint d’Amëschung vum Ruanda am Kongo huet. Hien huet souguer bëssen insinuéiert, dass de Kongo mat responsabel wär. Dat war deemools schonn inakzeptabel. Dat bleift inakzeptabel."
D'Provënz Nord-Kivu gëllt als besonnesch räich un seelene Ressourcen. Dofir gëtt och hei am Land haart d’Fro gestallt, notamment vun déi Lénk an vum Pirat Sven Clement, ob dëse Lëtzebuerger Blockage net och doru kéint leien, dass de Grand-Duché wirtschaftlech Interêten am Ruanda huet. De Sebastian Weier vum Cercle de Coopération:
"Mir kënnen doriwwer just spekuléieren. Mee wat mir feststellen ass, dass Lëtzebuerg effektiv ekonomesch Interêten am Ruanda huet. Zum Beispill schafft d’Lëtzebuerger Finanzplaz-Bourse mat der Bourse zu Kigali zesummen. Et ginn och aner Lëtzebuergesch Entreprisen, déi aktiv sinn sur place. Dat heescht do ginn et schonn zanter Joren ganz konkret wirtschaftlech Bezéiungen, déi ëmmer weider verdéift ginn. An indirekt profitéiert natierlech och Lëtzebuerg dovun, wann de Ruanda illegal seele Mineralien ausbeut an déi dann op de Weltmarché geheit."
De Cercle de Coopération fuerdert, dass humanitär Interessien iwwerall op der Welt geschützt ginn. Dass Lëtzebuerg elo een Acteur gëtt, deen dat och nach géif verhënneren, wier net acceptabel.
Iwwregens fuerdert och eng rezent UNO-Resolutioun de Ruanda op, fir mat dëser Rebellen-Offensiv opzehalen an déi eegen Truppen aus dem Oste vum Kongo zeréckzezéien.